A Präsenz vun der Grande-Duchesse Maria Teresa gouf en Donneschdeg de Mëtteg deen neie Foyer ageweit.

Am Juni 1996 gouf d'Fondatioun Autisme hei zu Lëtzebuerg gegrënnt. Et waren, wéi sou dacks, betraffen Elteren, déi sech fir esou eng Associatioun staark gemach hunn. Mëttlerweil ginn et a 4 verschiddene Stied Ariichtunge vun der Fondatioun, déi sech ëm Leit mat Autismus bekëmmert.

A Präsenz vun der Grande-Duchesse Maria Teresa gouf en Donneschdeg de Mëtteg deen neie Foyer ageweit. 2010 huet de Projet vum Familljeministère gréng Luucht kritt. D'Käschte ginn zu 70 Prozent vum Ministère gedroen. De Gesamtkäschtepunkt beleeft sech op ronn 5 Milliounen Euro. 24 Leit kënnen am neie Foyer wunnen a schaffen.

De Personalschlëssel beleeft sech op eng 15 Leit. Dëst sinn an éischter Linn Educateuren, doniewent schaffen nach ënnert anerem Psychologen an Ergothérapeuten zu Rammerech.