Zu Weiler zum Tur an der Rue du Château hunn an der Nuecht op e Samschdeg géint 00.45 Auer direkt e puer 100 Botte gebrannt.

Fir genuch Pompjeeën op der Plaz ze hunn a fir d’Waasserversuergung sécherzestellen, goufen d’Pompjeeë Weiler, Fréiseng/Uespelt, Réiser a Beetebuerg op d’Plaz geruff.

Iwwer puer Läsch-Ugrëffer gouf d’Feier bekämpft. Géint 7 Auer konnten d’Pompjeeë Beetebuerg nees arécken. Déi aner Corpse si fir déi lescht Nooläschaarbechten op der Plaz bliwwen.

© CIBETT

Am Asaz waren d’Pompjeeë Beetebuerg, Réiser, Weiler, Fréiseng/Uespelt, eng Ambulanz vu Beetebuerg an d’Police.

Blesséiert gouf keen. Ob et Brandstëftung war oder net kann den Ament nach net gesot ginn. Eng Enquête leeft.

© CIBETT

Et gouf e Samschdeg de Moien e weidere Groussbrand zu Perl, déi däitsch Säit vun der Musel. An zwee Méifamilljenhaiser huet et am Gespär gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt. Dat mellt Blaulicht Report Saarland.
Ronn 80 Pompjeeë waren op der Plaz, och vu Lëtzebuerger Säit aus war Ënnerstëtzung komm, ënnert anerem d'Dréileeder vu Réimech war am Asaz.

Wéinst dem Feier war eng déck Dampwollek iwwert dem Museldall ze gesinn.