Ronn 300 Plaintë sinn zejoert hei am Land gemaach ginn opgrond vu Gewalt vis-à-vis vu Kanner.

Zu Lëtzebuerg genee wéi an anere Länner si Kanner ëmmer nees Affer vu Gewalt - sief dat physesch, psychesch oder sexuell Violence. Fir d'Leit dobaussen ze sensibiliséieren, huet d'Alupse, ECPAT an dem Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand eng Broschür erausginn, déi haaptsächlech op eegen Evaluatioun sëtzt. Viséiert si Schoulen, Veräiner a sozial Organisatiounen.

RTL

D'Iddi ass, datt et en Outil ass, dee souwuel a ganz strukturéierten Ariichtungen wéi a Schoule ka gebraucht ginn, mä och doriwwer eraus.

AUDIO: René Schlechter President vum Ombudscomité fir Kannerrechter

An der Broschür ass eng Zort Questionnaire, wou d'Servicer, d'Ariichtungen an d'Organisatioune sech selwer par Rapport zu där Problematik kënnen evaluéieren. Mä et ass awer och virgeschriwwen, wat eventuell ze maachen ass, zum Beispill soll all Organisatioun eng Charte hu par Rapport zur "Bientraitance" vu Kanner, an och minimal festgeluecht hunn, wien am Zweiwelsfall fir wat zoustänneg ass.