De Lëtzebuerger Journalist Chrëscht Beneké, bestuet ma enger Katalanin, war den Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.

Natierlech spillt dat Economescht eng Roll, ma d'Onofhängegkeetsbestriewunge vun de Katalanen ginn awer vill méi wäit zeréck. Dat huet de Lëtzebuerger Journalist, Chrëscht Beneké, deen d'Regioun an hir Geschicht ganz gutt kënnt, e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview erkläert.

E grousse Problem am Konflikt ass de Manktem un Dialog. Wier een de Katalanen a verschiddenen Dossiere fir méi Autonomie entgéintkomm, respektiv hätt verschidden Acquisen net réckgängeg gemaach, da wier de Wonsch no enger kompletter Onofhängegkeet a Katalounien vläicht guer net opkomm.

Fir de Invité vun der Redaktioun ass d'Situatioun elo ganz schwiereg, a mat den aktuelle Regierungen zu Madrid a Barcelona wahrscheinlech net méi ze léisen. Neiwahle wieren dowéinst méiglecherweis eng Léisung.

Fir de Chrëscht Beneké, dee mat enger Katalanin bestuet ass, misst awer onbedéngt och d'EU elo vermëttelen, wëll de spuenesche Kinnek no sengen Aussoe vun en Dënschdeg, net méi als neutralen Acteur am Konflikt kann intervenéieren.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Chrëscht Beneké

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.