De Stater Jongelycée feiert 2017 125 Joer. En Donneschdeg hun d'Feierlechkeete mat engem Virtrag vum Dr. Felix Urbain ugefangen.

De Felix Urbain denkt gär u seng Lycéeszäit zréck, 2006 huet hien am Jongelycée seng Première gemaach. Den Dr. Felix Urbain war bis 2006 am LGL.

Haut schafft de Lëtzebuerger Materialwëssenschaftler zu Barcelona u Projete wéi CO2 kann ëmgewandelt ginn. Et geet dorëms den Ofgas CO2 als Reaktiv ze notzen, fir aner Brennstoffer hierzestellen, an esou eng alternativ zu de fossille Brennstoffer ze bidden. De Moment feelt et awer nach un der Effizienz. Bewisen ass, dass CO2 zum Beispill kann a Methanol ëmwandelt ginn, ma de Wierkungsgrad ass nach ganz niddreg.

CO2-Ëmwandlung ass ee Fuerschungsfeld wou sech den Ament vill deet.