D'DP an CSV hu sech gëeenegt, datt d'DP mam Jacques Sitz de Buergermeeschter stellt.

Ganz batter war jo zu Réimech d'Defaite fir den gréngen Deputé-Maire Henri Kox, deen nëmmen Véiertgewielte gouf, sou datt seng Partei an der Muselstad 2 Sëtz e Sonndeg verluer hat.

D'CSV stellt mam Mike Greiveldinger den 1 Schäffen a mam Pierre Singer den 2. Schäffen. No 4 Joer geet den 2. Schäffen un d'DP mam Jean-Paul Kieffer. Réimech war wuel eng vun de gréissten Deceptione fir déi Gréng, déi bis ewell 4 Sëtz haten, mee e Sonndeg 13 Prozentpunkten verluer haten. Réimech gëtt domat also Blo-Schwaarz, woubäi d'CSV och e Sëtz verluer hat mee d'DP der 2 bei krut, fir elo op 4 Sëtz ze kommen a mam Jacques Sitz also de neien Buergermeeschter stellt.

Wahlen Resultater