Zu Bartreng steet den neien Schäfferot nom Wahlresultat vun e Sonnden, wou d’DP déi absolut Majoritéit mat 7 vun 13 méigleche Sëtz krut.

Zu Bartreng verännere sech just déi 2 Schäffeposten. 1. Schäffen gëtt d'Monique Smit-Thijs, déi e Plus vun 409 Stëmme hat.
2. Schäffen ass de Patrick Michels. Hien iwwerhëlt de Poste vum laangjärege Lokalpolitiker Emile Krier, deen Drëttgewielten op der DP-Lëscht, an erlaabt esou senger Duechter Jessy Krier hiert Mandat unzehuelen.

Wahlen Resultater