Um Donneschdeg hunn déi ierfgroussherzoglech Koppel an den Etienne Schneider eng Entreprise besicht, déi zanter 2006 hiren Europasëtz zu Lëtzebuerg huet.

AUDIO: 3. Dag: Wirtschaftsmissioun Emiraten / Rep. Annick Goerens

Iwwer 70 Business-Leit sinn am Kader vun der Wirtschaftsmissioun an déi Vereenegt Arabesch Emiraten komm, fir hir Handelsbezéiunge mam Golfstaat ze stäerken an auszebauen.

Gréissten Plätterchersproduzent mat Sëtz zu Lëtzebuerg

RAK Porcelain ass ënner anerem de weltwäit gréisste Produzent vun Plättercher. An den Emirate ginn nämlech 320.000 Quadratmeter Plättercher den Dag fabrizéiert. Donieft exportéiert d'Firma weltwäit all Joer 28 Millioune Stécker Porzeläin, de Gros dovunner ass Geschir, wat an iwwer 25.000 4- a 5 Stären Hoteller an der Welt agesat gëtt, dorënner grouss Nimm wéi Waldorf Astoria, Hyatt, Hilton an och d'Tellere beim Lea Linster an an all de Lëtzebuerger Lycéeskantinnen, kommen aus den Emiraten.
Den Ament sëtzt Rak Porcelain nach um Wandhaff, mä d'Plaz ass mëttlerweil ze kléng ginn an dofir investéiert d'Entreprise 7,5 Milliounen an een neie Site, wéi de Sven Bodry, Responsabel fir de Verkaf bei RAK Porcelain Europe, erkläert.

All Dag kënnt aus dem Emiraten een Container zu Antwerpen un, deen dann op Lëtzebuerg bruecht gëtt a vum Wandhaff aus gëtt iwwer de ganzen europäesche Kontinent exportéiert, vu Lissabon bis Sankt Petersburg.

D'Plaz um Wandhaff geet awer hannen a vir net méi duer, dofir kommen déi 60 Employéen Enn 2018-Ugangs 2019 op de Krakelshaff op Beetebuerg. Dee Site hätt dann natierlech och nach de Virdeel, dass een un d'Schinnenetz ugebonnen ass. Op 6.500 Quadratmeter kommen nei Lagerplazen, Büroen an een Ausstellungsraum.

Vu Ras Al Khaimah op Beetebuerg
An dësem Emirat ass och de Sëtz vun enger Firma, déi ganz aktiv zu Lëtzebuerg ass a weider ausbaue wëll.

Weltwäite Leader am Bauen vun neien Inselen

Och de Jan de Nul Groupe profitéiert vun de gudde Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an den Emiraten. D'Firma mat belschen Originnen a mat Sëtz zu Kapellen gehéiert zu den weltwäite Leadere mat senge Bagger-Schëffer, de sougenannten "Draken", an ass keen onbekannten Acteur zu Dubai.

Um Mëttwoch scho war d'Ierfgroussherzoglech Koppel eng Visite op d'Schëff Cristóbal Colón maachen. Dëst Schëff kann iwwregens 46.000 Tonne Sand bannent 3 Stonnen ophuelen, wéi den David Lutty Direktor vum Jan de Nul Groupe zu Lëtzebuerg erkläert. Drake ginn generell agesat, fir eng Insel ze bauen, déi et virdrun net gouf, een Hafen ze vergréisseren oder eventuell eng Plage no engem Stuerm nees opzewäerten. De Jan de Nul Groupe huet vun 1998 bis 2008 een Ëmsaz vun 2 Milliarden Euro eleng an den Emiraten a besonnesch zu Dubai gemaach.

Wirtschaftsmissioune wichteg fir Relatiounen opzebauen

D'Emirate sinn e politesch stabilt an zouverlässegt Land an dofir wär et gutt, Geschäfter mat hinnen ze maachen, dat sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Donneschdeg am Nomëtteg, nom Ofschloss vun der Wirtschaftsmissioun. D'Emirate sinn den éischten direkten Handelspartner vu Lëtzebuerg an der Golfregioun an déi gutt Relatioun wär net aus dem näischt koum, mee eben duerch genee dës Visitten. Am Ganze waren et der 20 iwwer déi lescht 10 Joer. Déi Vereenegt Arabesch Emiraten maachen dofir elo och mol den Tour op Lëtzebuerg. Eng gréisser Wirtschaftsmissioun soll am Februar oder Mee nächst Joer an de Grand-Duché kommen.

Weider geet et an den USA

Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Finanzminister Pierre Gramegna si vun e Freideg u fir eng Wirtschaftsmissioun an den USA ënnerwee. Statioun maache si zu Washington an zu New York. E Freideg an e Samschdeg participéiere si un der Joresversammlung vum Internationale Währungsfong an der Weltbank. Um Bord vun de Reuniounen kënnt de Lëtzebuerger Finanzminister mat enge sëlleche vu sengen Homologe fir bilateral Gespréicher zesummen. Um Programm stinn donieft Aarbechtsreunioune mat Vertrieder vum FMI an der Weltbank. No Washington fueren den Ierfgroussherzog an de Finanzminister virun op New York, fir do Reklamm ze maachen, fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz. De Pierre Gramegna participéiert ënnert anerem un enger Konferenz, déi vun der ALFI, der Lëtzebuerger Associatioun fir Investitiounsfongen organiséiert gëtt.

Op Invitatioun vum franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian ass de Lëtzebuerger Diplomatiechef Jean Asselborn um Freideg op Aarbechtsvisite zu Paräis. Si maachen de Point vun de bilateralen Relatiounen a schwätzen iwwert déi wichtegst europäesch Dossieren.