Am Casino zu Bouneweg war e Samschdeg de Moien de 66.Kongress vum Landesverband. 19 verschidde Punkte stoungen um Ordre du Jour.

Ënnert anerem gouf e Samschdeg de Moien en neien Exekutivcomité vum Landesverband gewielt. 99 Delegéiert ware wahlberechtegt. Fir de Poste vum President loung mam Georges Merenz nëmmen eng Kandidatur vir. Mat 75 Stëmme gouf hien op dëse Poste gewielt.

De Laurent Bour gëtt Generalsekretär an den Alain Sertic gëtt neie Vizepresident vun der Gewerkschaft.