Eeler Damen, déi hir Posch geklaut kréien, eeler Persounen, déi op Trickdéif erafalen. Al Leit sinn allze dacks Affer vu Kriminalitéit.

An Zesummenaarbecht mat der Police maachen zanter 2006 benevole Seniore-Sécherheetsberoder Opklärung, wéi een hei präventiv ka virgoen. Am Familljeministère kruten um Dënschdeg 11 nei sou Sécherheetsberoder, selwer Senioren, hiren Diplom iwwerreecht. De Projet war 2005 vun der Police lancéiert ginn, et hat een an Uecht geholl, dass sech déi eeler Generatioun am beschten vun anere Seniore berode léisst.

Grad elo am Hierscht, wou d'Auer geschwënn zeréckgestallt gëtt an et dobausse méi fréi däischter gëtt, sinn d'Déif verstäerkt aktiv, am Fokus vun deenen Onéierleche sinn dacks eeler Persounen. Fir des méi selbstsécher a staark ze maachen, ginn a Cooperatioun mat der Police Selfdefense-Coursen ugebueden, wou zum Beispill gewise gëtt, wéi ee sech mat engem Prabbeli oder Spadséierbengel wiere kann.

Leit, déi un den Aktivitéite vun de Seniore-Sécherheetsberoder interesséiert sinn, kënne sech um Internet op www.assb.biz informéieren.