
Schäffe ginn den Tom Berend an de Jean-Paul Sunnen, déi hannert der Buergermeeschtesch Zweet- respektiv Drëttgewielt waren.
Am Gemengerot sinn dann nach dës Conseilleren:
Marcel Jakobs, Patrick Calmus, Raphael Gindt, Jean-Pierre Roemen, Lou Linster, Christiane Hamen ép. Schmit.
Um Dënschdeg den Owend hätt een dës Nominatiounen un den Inneminister geschéckt, esou d'Gemeng.
Esou gouf zu Leideleng gewielt.
Zu Leideleng war et jo ganz knapp zougaangen - vun den zwou Gruppéierungen huet déi eng 5 Vertrieder, déi aner der 4 am Conseil ... an tëscht der decisiver 9. an der ondankbarer 10. Plaz louche ganz genee zwou Stëmmen ...
Am meeschte gelies