Organisatioun Friendship: Hëllef fir Bangladesch
D'Organisatioun Friendship kämpft zanter Jore géint d'Aarmut am Bangladesch, dat mat medezineschen an edukative Projeten.
Am Kader vum 125. Anniversaire vum Stater Jongelycée war um Freideg d’Fondatrice vun der ONG Runa Khan op Besuch. Hiert d'Zil war, d’Schüler ze motivéieren, fir sech selwer am Benevolat z’engagéieren.
2002 huet déi 58 Joer al Fra aus dem Bangladesch hir ONG an d’Liewe geruff. Dat fir deene Leit op der Plaz ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet. Fir de Leit entgéint ze kommen, déi an ofgeleeëne Regiounen am Bangladesch liewen, setzt d’ONG op hir 3 Spidol-Schëffer, déi mat jee 2 Operatiounssäll equipéiert sinn.
D’ONG Friendship engagéiert sech awer och fir d’Educatioun vun de Kanner a Jonken, dat an deene 84 Schoulen, déi vun der Organisatioun geréiert ginn.
Dem Runa Khan no wieren d’Leit am Bangladesh mat der Qualitéit vun de Servicer zefridden. All Joer ginn eng 6 Millioune Mënschen vun der ONG am Land ënnerstëtzt. An och an Zukunft wëll d’Runa Khan de Leit hëllefen. Dowéinst setzt se ëmsou méi op Jonker.