300 Schof stoungen dëser Deeg um Kierchbierg ze weeden. Ma dës Déieren hunn en Job, eng ekologesch Missioun. Also: Mouton amplaz Mouton retourné.

Si hunn e Marathon hannert sech, si fir de Wanter eréischt uewenaus am Éislek, a maache Statioun um Kierchbierg. Niewent Banken, Büroen an Appartementsbléck weeden zënter dem Weekend 300 Schof.

Hir Missioun ass et, op eng douce Aart a Weis ekologesch wäertvoll Zonen hei am Land ze botzen a fir eng genetesch Erneierung vun der Flora ze suergen.

Ponts et Chaussées, Ëmweltverwaltung an de Fonds du Kierchbierg stinn hannert der Initiativ, déi d'Jongen a Meedercher hei vu Péiteng, Esch a Beetebuerg an d'Stad gefouert huet.