Am Alter vun 73 Joer ass déi fréier RTL-Animatrice Jeannine Theisen onerwaart gestuerwen.

D'Jeannine huet 1963 ugefaange beim Radio, no der Première hat se sech gemellt, well Radio Lëtzebuerg Speaker gesicht huet. Si krut e Stage vun 2 Méint an ass dono hiert ganzt Beruffsliewe laang bliwwen.

Si war "d'Jeannine vum Radio", deemools waren d'Animatricen einfach duerch de Virnumm bekannt. An engem Interview an der Revue 1995 gouf se als "Eng Stëmm fir Lëtzebuerg" bezeechent.

D'Jeannine war eng Moderatrice, déi ganz no bei hiren Nolauschterer war an huet virun allem Emissioune presentéiert, an deene se en direkte Kontakt hat: de Wonsch-Concert, d'Emissioun Music Hall, wou se vill international Stare interviewt huet, d'Kranken-Emissioun, déi hir besonnesch um Häerz louch.

Onvergiess sinn awer och de Menu vum Dag, deen se all Dag zerwéiert huet an d'Emissioun "Blummefleeg a Gaardenaarbecht" mam Theo Peffer.

D'Jeannine war laangjäreg Member vum LCGB a war och 1999 fir d'CSV mat an d'Chamberwahlen.

No der Pensioun huet d'Jeannine vrun allem eng Passioun sou richteg ausgelieft: d'Reesen.

Mam Jeannine Theisen an hirer häerzlecher Laach war ëmmer gutt Laun am Büro.

Der Schwëster, der Famill an de ville Frënn vum Jeannine eist Bäileed.

Ee perséinlechen Noruff vum Christiane Kremer:

AUDIO: Noruff Jeannine Theisen

Léift Jeannine

Déi leschte Kéier wéi ech dech gesinn hunn, ware mer op engem literareschen Owend zesummen. Dacks hu mer eis begéint bei esou Evenementer, dacks awer och einfach an der Strooss an der Stad beim Akafen. An egal wéi, ëmmer hues de dann däin häerzlecht Laachen opgesat a gefrot, wéi et mer da géing goen. An dann hu mer gepotert vu fréier a vun haut. Vun der leschter Rees, déi s de gemaach has an déi nächst fir déi s de um Sprong waars. Sou wéi s de et mat all de Kollege gemaach hues, deenen s de iwwer de Wee gelaf bass. Fir d'lescht nach vrun eppes méi wéi enger Woch, wéi s de mat de fréieren RTL-Mataarbechter op Visite an der RTL-City waars.

Déi éischte Kéier, wou ech dech perséinlech begéint hunn, war an der Villa Louvigny, wéi ech meng éischt Radiosschrëtt gemaach hunn. An du deemools schonn eng vun de bekannteste Stëmme vu Radio Lëtzebuerg waars. Fir d'Nolauschterer waars de d'Jeannine vum Radio. De Virnumm ass duergaangen.

Dacks hu mer an de Joren dono driwwer geschwat, wéi s de bei de Radio komm bass, direkt no der Première 1963, bass de schaffe gaangen, well däi Papp deemools ganz jonk gestuerwe war. Du has e Stage vun zwee Méint kritt, an du bass einfach bliwwen. De Chefredakter Nic Weber huet dech den Nolauschterer esou virgestallt.

D'Krankenemissioun louch der vrun allem um Häerz, du waars eng Moderatrice, déi no bei de Nolauschterer war an déi sech vill fir se engagéiert huet.

Och mat der Dokter Molitor-Peffer vum Planning familial waars de an den 1970er an 80er Joren an der Familienemissioun ze héieren, eng Emissioun, déi sech ronderëm Sexualitéit a Partnerschaft gedréint huet.

Du hues mat vill Soin all deng Emissiounen an Texter archivéiert, du hues gär un deng Interviewen mat Vedetten, vrun allem aus dem franséische Showbusiness geduecht an dech an de leschte Joren um Radio fir d'Lëtzebuerger Musek an Traditiounen agesat.

Du bleifs an eiser Erënnerung, Jeannchen, als gutt gelaunte Kollegin, ëmmer e bëssi op de leschte Stëppel, als passionéiert Touristin an denger Fräizäit an an der Pensioun, als eng Fra mat Goût a Chic, als gesellege Mënsch a vrun allem als markant Stëmm.

Äddi Jeannine

D'Jeannine mat "Les Lions Aînés" op Visite bei RTL, bei der Opnam vum Kloertext de 27. Oktober 2017. / © Eugène Engel