Eng 30 Milliounen Europäer sinn aktuell vu genetesche Krankheete betraff. Dofir spillt d'Recherche ëmmer méi eng grouss Roll.

Den 8. an 9. Dezember ass nees den Telethon zu Lëtzebuerg. D’Zil vun der Aktioun ass et d’Suen fir d’Recherche vu rare genetesche Krankheeten ze sammelen. An deem Kontext war e Mëttwoch de Lions Club Lëtzebuerg op Visite an engem vun de Laboratoiren zu Evry bei Paräis, wou ebe Medikamenter géint genetesch Krankheete produzéiert ginn.

AUDIO: Labo Genethon - De Reportage vum Frank Elsen

Aktuell ginn et eng 6.000 bis 8.000 rar genetesch Krankheeten. Ënnert anerem neuromuskulär Krankheeten, bei där et honnerte vu Pathologien gëtt. Déi 650 Chercheuren am Laboratoire zu Evry géife probéieren dës Krankheete besser ze verstoen, erkläert de Serge Braun, Directeur Scientifique vum Telethon.

An enger grousser DNA-Bank am Labo gi genetesch Prouwe stockéiert. Dat fir de Chercheuren d'Méiglechkeet ze ginn d'Gene besser z’identifizéieren. Et wier déi gréisst DNA-Bank an Europa, ënnersträicht d’Responsabel vun der Bank, Safaa Saker. Si géifen iwwer 464 Krankheete stockéieren a si hunn iwwer 87'000 Patienten ab der DNA-Bank.

De Gros vun de Chercheure beschäftegt sech mat der Therapie cellulaire. Eng Therapie déi mat Hëllef vun Zellen, Medikamenter produzéiert. Ënnert anerem, fir déi Leit déi d’Progeria hunn, betount de Xavier Nissan, Directeur de recherche.

D’Pharmakonzerner géife sech awer manner mat der Recherche vu genetesche Krankheeten auserneesetzen, heescht et vum Lëtzebuerger Coordinateur vum Telethon, Laurent Heinen. Dat well se wéilten rentabel bleiwen.

AUDIO: Telethon Lions Club / Reportage Frank Elsen

Eng 92 Milliounen Euro goufen d’lescht Joer fir den Telethon gespent. Dovunner sinn eng 160.000 Euro vum Lions Club Lëtzebuerg erakomm. Dëst Joer wéilt een eng 170.000 Euro zesumme kréien. Dowéinst sinn dann och eng Rëtsch Evenementer virgesinn.
Eng 30 Milliounen Europäer sinn aktuell vu genetesche Krankheeten betraff.