D'Sankta Maria II, déi iwwert d'Musel fiert a Waasserbëlleg mat Oberbillig (D) verbënnt, gouf a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume begréisst.

Um Samschdeg gouf d'Pont mam Numm "Sankta Maria II" offiziell gedeeft. D'Fähr ass mat hiren knapp 30 Meter mat enger Solar-Installatioun equipéiert, sou datt d'Schëff keng Emissiounen an d'Luucht bléist. Domat gëtt d'Fähr mam selwechten Numm no 50 Joer am Service um Grenzfloss ofgeléist.

Offiziell zirkuléiert d'Fähr tëscht béide Säiten vun der Musel vum 10. Dezember un an ass domat eng Zort Bréck tëscht béiden Dierfer, déi vun Autoen, Cyclisten, Frontalieren, Schüler an Touristen genotzt gëtt. Dat neit Schëff huet ronn annerhallef Millioun kascht - alles an allem wäerten an der Moyenne eng 143.000 Leit, eng 66.000 Autoen an eng knapp 20.000 Vëloen d'Joer vun der fuschneier Miseler Solar-Fähr transportéiert ginn.