D'AMMD schwätzt de Méindeg vun enger politescher Demarche, fir d'Gewerkschaft vun den Dokteren aus der Reform vum Spidolsgesetz z'ecartéieren.

AMMD zu Spidolsgesetz - vum Annick Goerens

An et ass näischt Neies, well scho virun 2 Wochen huet d'Dokteschassociatioun an engem Protest-Bréif un de Chamberspresident hirem Desaccord Loft gemaach. Dës Kéier ass vun Tromperie an vun doutéise Methode rieds. D'Dokteschassociatioun wär mat engem Amendement, deen duerch d'Hannerdier gemaach gouf, an hirer Missioun an hirem Rôle als Gewerkschaft viséiert, erkläert de President vun der AMMD, Alain Schmit.

"Mir hunn eis an deem Projet de loi iwwert d'Spidolsgesetz zanter ganz ville Méint agesat an elo ass et op der leschter Ligne droite esou, dass mir d'Propositioun vun der Ministesch sollten, als Verhandlungspartner fir déi zukünfteg Verträg vun Dokteren a Spideeler net méi um Verhandlungsdësch setzen. Dat gesi mir als Quittung fir vill Méint Aarbecht," seet den Alain Schmit.
 
D'AMMD géing duerch eng "Conférence nationale des Conseils médicaux“ um Verhandlungsdësch ersat ginn. Een No-Go fir d'AMMD, déi zanter 1904 déi gesamt Dokterschaft gewerkschaftlech representéiert.

"Et gëtt sech e klenge Grupp vun Dokteren erausgepickt, an deene gëtt elo e Verhandlungsmandat zougeschriwwen, dat si ni gefrot hunn, dat si net wëllen an dat si och net kënnen. Fir eng Verhandlung gescheit ze féieren, brauch een Erfarung. D'AMMD huet vill méi Erfarung, wéi e Groupuscule, deen et an där Form do, wéi d'Gesetz et virgesäit, mol net aktiv gëtt", mengt den Alain Schmit.

Et dierft net a Fro gestallt ginn, wien d'Representativitéit vun den Dokteren assuréiert, sou nach de President vun der Gewerkschaft. D'AMMD erwaart sech, dass d'Reform vum Spidolsgesetz an deem Sënn vun der Chamberkommissioun amendéiert gëtt.

De schaarfe Communiqué vun der AMMD wier keen Thema an der Kommissioun gewiescht, sot d'Presidentin an d'Rapportrice vum neie Spidolsplang, Cécile Hemmen am RTL-Interview. D'LSAP-Deputéiert kann d'Kritik an déi schaarf Téin vun der Dokteschassociatioun absolut net novollzéien.

Der AMMD reprochéiert d'Cécile Hemmen e Manktem u Respekt, vis-a-vis vum Staatsrot, de Parteien an den Deputéierten.

Et hätt een hei einfach dem Avis vum Staatsrot Rechnung gedroen, seet d'Cécile Hemmen. De Gremium géif et iwwregens, mam Appui vun den Dokteren, schonn zanter 2011 ginn.