D’Caritas an aner Organisatioune bidden iwwert d'Wanterméint de Leit, deenen et net esou gutt geet, eng sëllechen Aktivitéiten un.

Ënnert anerem ass de Kleeschen e Sonndeg am Centre Ulycee passéiert.

Zënter e Freiden an nach bis den 31. Mäerz d'nächst Joer leeft d'Wanteraktioun; Eng Initiative vun der Croix-Rouge an Inter-Actions, wou all Dag eng 100 Sans-Abrisen eran an eraus ginn. Dat fir eppes z’iessen, ze schlofen a medezinesch Soinen ze kréien.

AUDIO: D'Sandy Ney vun der Associatioun Inter-Actions