De beléifte Kalenner am Zeeche vu 50 Joer Apemh

E steet dës Kéier am Zeeche vum 50. Anniversaire vun der Apemh an ass vum Pit a Lex Weyer an Zesummenaarbecht mam Carlo Rovatti entworf ginn.
Ënnert de sëlleche Themen, ënnert deenen de Bréifdreieschkalenner 2018 sollt stoen, war ee sech am Comité relativ séier eens, dass de 50. Anniversaire vun der Apemh deen Interessantste wier. Op dës Manéier géif de Gebuertsdag net nëmmen an de Medien thematiséiert ginn, mä och d'Leit honoréieren, déi sech am Alldag ëm d'Leit mat enger Behënnerung këmmeren.
Virun allem awer soll de Kalenner dozou bäidroen, dass d'Thema vun der Inclusioun vu Leit mat engem Handicap nach weider sensibiliséiert gëtt.
A senger Ried sot de Raymond Juchem, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, datt de Bréifdréier och haut nach e wichtege soziale Rôle an dëser ëmmer méi op Rentabilitéit a Konkurrenz ausgeriichter Welt leescht. Net nëmmen dowéinst wier et flott, wann d’Clientë vun der Post um Enn vum Joer eventuell un hire Bréifdréier géifen denken, dee bei all Wieder dobaussen ass an de Courrier ofliwwert.
Wéi gewinnt, fënnt een op der Récksäit vum Bréifdreieschkalenner déi eenzel Tariffer vun Enveloppen a Päck, déi ee verschécke wëll.
PDF: De Bréifdréieschkalenner 2018

Presentatioun vum Bréifdréieschkalenner 2018
Ried vum Raymond Juchem, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft
Lëtzebuerg, de 19. Dezember 2017
Madame Minister, Här Generaldirekter, Dir Dammen an dir Hären,
Am Numm vun der Bréifdréieschgewerkschaft begréissen ech iech ganz härzlech op der offizieller Presentatioun vum Bréifdréieschkalenner fir d’Joer 2018. E steet dës Kéier am Zeeche vum 50. Anniversaire vun der APEMH an ass wéi an der Vergaangenheet vum Pit a Lex Weyer an Zesummenaarbecht mat dem Rovatti Carlo entworf gin.
Ganz speziell begréisse wëll ech d’Familljeministerin Madame Corinne Cahen, eise Generaldirekter vun der Post, den Här Claude Strasser, d’Direktesch vu Post Courrier, d’Madame Hjoerdis Stahl an awer och de President vun der Fondatioun APEMH, den Här Roland Anen a seng Mataarbechter.
All den aneren Inviteeën respektiv deene Persounen, déi bei der Preparatioun an dem Ausschaffe vun eisem Kalenner gehollef hunn, och e grousse Merci.
Wou mir eis als Exekutivkomitee vun der Breifdréieschgewerkschaft Mëtt dës Jores domadder befaasst hunn, ënnert wat fir engem Thema de Bréifdreieschkalenner 2018 sollt stoen, do ware mir eis am Comité séier eens, dass ënnert deene villen Themaen an Anniversairen déi an der Auswiel stoungen, de 50. Anniversaire vun der APEMH den intressanteste wir, an doweinst och de Sujet vun eisem geschichtsträchtege Kalenner sollt ginnMir waren der Meenung, dass mir als Gewerkschaft mat dësem Kalenner eise Beitrag liwwere kéinten, fir der APEMH hire 50. Anniversaire an de Medien ze thematiseieren, an awer och deene Persounen, déi sech am Alldaag ëm Leit mat enger Behënnerung këmmeren, Merci ze soen.
Virun allem awer wëlle mir mat eisem Kalenner dozou bäidroen, dass zum Thema vun der Inclusioun vu Leit mat engem Handicap nach weider sensibiliséiert gëtt.
Dofir war et dunn och selbstverständlech, dass mir keen aneren Choix konnten treffen wéi de 50. Anniversaire vun der APEMH als Thema vum desjährege Bréifdréieschkalenner erauszewielen.
D’APEMH ass also viru 50 Joer aus enger Organisatioun vu betraffen Elteren gegrënnt ginn, déi Kanner mat engem Handicap haten.
Dat wär, wéi mir ons bei enger rezenter Visite am Schlass zu Betteng soe gelooss hunn, déi Zäit och batter néideg gewiescht.
Di deemoleg Strukturen, respektiv den Encadrement fir de Leit mat engem Handicap gerecht ze ginn, waren an de Grënnungsjoren vun der APEMH deelweis nach katastrophal.
Dofir soll a muss een dann och drop hiweisen, dass et och durch d’APEMH war, déi jo aus enger Elterenvereenegung enstan ass, dass am Beräich vu Betreiung, respektvollem Ëmgang an Toleranz vis a vis vu Leit mat Handicap esou Fortschrëtter an d’Wee geluegt konnte ginn.
U sech kann een, wat dës Elterenvereenegung betrëfft, dann och e Verglach mat eiser Gewerkschaft maachen.
Mir als Gewerkschaft setzen eis jo an ville Beräicher fir d’Belaanger vum Personal an; d’APEMH huet dat deemols an awer och haut nach fir Leit mat engem Handicap gemaach.
An dësem Kontext muss een de sozialen Engagement vun der APEMH ënnersträichen, an dat ass jo och den Aspekt wou mir als Gewerkschaft ëmmer drop hinweisen, wa mir vum sozialen Rôle vum Breifdreier schwätzen.
De Bréifdréier huet och nach haut en wichtege soziale Rôle an dëser ëmmer méi op Rentabilitéit a Konkurrenz ausgeriichtener Welt ze leeschten.
Et ass leider just esou, dass dëse soziale Volet vun eisem Beruf keng finanziell Recetten generéiert, an doduerch de Managment dësem Aspekt net di selwecht Unerkennung zoukomme léisst, wéi mir dat als Gewerkschaft gäre géife gesinn.Fir dann awer op deen ronnen Anniversaire vun der Apemh zeréck ze kommen, do muss ee ganz kloer felicitéieren a betounen, dass et hire Membere ganz héich unzerechnen ass, wat duerch hir Sensibiliseierungsaarbecht an hiren Asaz vu viru 50 Joer haut alles entstan ass.
An deem Kontext muss een awer di staatlech Ënnerstëtzung fir d’APEMH ernimmen, duerch déi dës Successtory erréischt méiglech gouf.
5 gréisser Siten (Housen, Limpach, de Nossbierg zu Esch, d’ Schlass mam Siège zu Betten op der Mess, awer och den Beetebuerger Park muss een erfierhiewen.
Hei schaffe vill Leit aus dem sozialedukative Secteur, déi sech am Alldag an alle méigleche Situatiounen ëm den Encadrement vu Leit mat Handicap këmmeren.
Ze ënnersträichen ass och, dass an den Strukture vun der APEMH ongefeier 1.000 Leit mat engem Handicap vun ongeféier 500 diploméierte Persounen encadréiert ginn.
Doduerch dass d’APEMH viru 50 Joer enstan ass, gouf also och de Grondsteen fir d’Schaafung vu villen Aarbechtsplaze geluegt.
Virun allem ass awer deene Persounen an Familljen, déi am Alldag e Liewe laang mat dësem schwéiere Schicksalsschlag konfrontéiert sinn, konkret gehollef ginn.
Mir als Breifdreieschgewerkschaft fannen et enorm wichteg, dass de Mënschen, déi, bedingt duerch hiren Handicap net an der gewéinlecher Aarbechtswelt kënne schaffen, an de Strukture vun der APEMH gehollef gëtt.
Si schaffen, hunn doduerch am Alldag eng wichteg a nëtzlech Tâche ze garantéieren, hunn also och e Rôle an eiser Gesellschafft, a kréien doduerch eng Pai fir hir Aarbecht.
Eis Gesellschaft ass dat de Mënsche mat Handicap och sécher schëlleg, well si hunn et an engem ëmmer méi neoliberalen Emfeld, wou leider dacks nach just reng profitorientéiert geduecht gëtt, net einfach fir hire Wee ze fannen.
Alles dat ass secher och am Intressi vum Staat, an d’APEMH sollt och an Zukunft beschtméiglech vun alle staatlechen Instanzen ënnertstëtzt gin.
Bei eiser rezenter Visite vum Bettener Schlass, wou den Carlo an ech ganz frëndlech empfaange gi sinn, do hu mir dee flotte Site gewisen an erklärt kritt.
Mir waren positiv iwwerrascht, an sinn eis och net bewosst gewiescht, wat alles op deem Site mat Hëllef vu Leit mat Handicap produzéiert gëtt.
Ech kann dann och nëmmen all Mënsch invitéieren emol eng Kéier dohinn ze fueren an z.B. an hir Epicerie eran ze sprangen fir sech e Bild vun all deem ze maachen.
Da wir ech och scho bal um Schluss vu menger Ried ukomm.
Ab nächster Woch gëtt de Bréifdréieschkalenner da vum Bréifdréier, dee jo nach ëmmer eng Vertauenspersoun an eng Zort Ambassadeur vun der lëtzebuerger Post ass, am ganze Land verdeelt.
Mir als Komitee wärten an de nächste Joren och alles dru setzen, dass dëse Kalenner, deen et zënter 1880 gëtt, säin historesche Stellewert behält.
Mir wärten eise Kalenner och weider mat wichtege gesellschaftpoliteschen Themaen, Datumer oder Evenementer illustréieren, fir dass dës net vergiess ginn, respektiv fir dass ka fir eng Iddi sensibiliséiert ginn.
Et wir och flott, wann d’Clientë vun der Post um Enn vum Joer eventuell un hire Bréifdréier géifen denken. En ass bei all Wieder dobaussen, liwwert äre Courrier am beschten Zoustand of, a kann iech jo neierdings, och bei iech doheem, nach mei postalesch Servicer ubidden, déi dem Client entgéint solle kommen.
De Breifdreier huet et, wéi mir jo an de leschte Wochen des öfteren drop opmierksam gemeet hunn, an dësen Zäiten net ëmmer einfach.
Da weisen ech nach drop hin, dass op der Récksäit vum Kalenner wéi all Joer di postalesch Tarifer respektiv di eenzel Tarifer vu Post Finance am Detail presentéiert ginn.
Am Numm vun der Bréifdréieschgewerkschaft soen ech dem Generaldirekter Merci fir dee Geste, deen d’Post all Joer mecht. E grousse Merci awer och un de Familljeministär an un d’Madame Minister fir hir Ënnerstetzung.
Ech wëll da nach drop hiweisen, dass dëse Kalenner vun eiser Partnerdréckerei Reka Print vun Esch gedréckt ginn ass, a wi all Joer huet alles bis an de leschten Detail geklappt.
Der APEMH wënsche mir nach weider vill Succès fir hir Festivitéien am Kader vum 50. Anniversaire, an dass si och an de nächste 50 Joer nach weider esou evoluéieren wäerten.
Mir hoffen, dass mir iech mat eisem Kalenner di néideg Ënnerstëtzung zoukomme gelooss hunn, fir nach méi op är wichteg Organisatioun hinzeweisen an esou och indirekt äre wichtege soziale Rôle an der Gesellschaft ze ënnersträichen.
Ech géif d’Madame Minister Corinne Cahen, de Generaldirekter Claude Strasser an de President vun der Fondatioun APEMH, den Här Roland Anen, hei hinner bieden fir zur offizieller Kalenneriwwerreechung ze kommen.