Um Dënschdeg den Owend gouf um Härebierg den zweete Lëtzebuerger Kontingent vun der "Enhanced Forward Presence" empfaangen.
22 Zaldote waren zwee an en hallwe Mount a Litauen am Asaz. Dat am Kader vun der Nato-Missioun an de baltesche Staaten, déi 2014 wéinst dem Ukrain-Konflikt decidéiert gouf.
D'Lëtzebuerger Zaldoten hunn an engem multinationalen Batailloun, Transport-Missioun assuréiert.








Um Dënschdeg goufe si am Centre Militaire zu Dikrech vu Famill, Frënn an Offiziellen, ënner anerem vum Colonel Yves Kalmes empfaangen.
VIDEO: Den Yves Kalmes
/
Am meeschte gelies