De Mann aus der Police wollt am Kader vun der Reform vum Staatsbeamtestatut vun enger "Reconstitution de carrière" profitéieren a krut elo Recht.

A sengem juristesche Sträit mam Minister fir bannenzeg Sécherheet huet e Polizist op der Cour administrative Recht kritt. Deemno gouf eng Décisioun vum Etienne Schneider aus dem Abrëll zejoert annulléiert.

De Minister hat dunn d'Demande vum Mann aus der Police zeréckgewisen, deen am Kader vun der Reform vum Staatsbeamtestatut vun enger "Reconstitution de carrière" profitéiere wollt.

AUDIO: Verwaltungsgeriicht gëtt Polizist Recht / Rep. Eric Ewald

De Polizist war 1984 agestallt ginn an 2009 an de Cadre supérieur vun der Police komm. Do war de Mann "hors cadre" klasséiert, fir um Enn vu senger Karriär Commissaire divisionnaire adjoint ze ginn. Am Februar zejoert hat sech de Polizist du mat senger Demande un de Minister adresséiert. Déi Demande gouf iwwregens vum Generaldirekter vun der Police ënnerstëtzt. Am Schreiwes vum Polizist un de Minister huet et geheescht, hie kéint sech zwee Avancementer erwaarden. Duerch den neie Statut wär nämlech d'Verbuet opgehuewen, fir an den ieweschten Niveau vum Cadre supérieur ze kommen. Den Etienne Schneider hat dozou awer Nee gesot, dobäi hat sech de Minister fir bannenzeg Sécherheet op en Avis vum Fonction publique-Minister Dan Kersch beruff, an deem et geheescht huet, de Polizist kéint net iwwert de Grad F10 erauskommen. De Mann hat doropshin am Juli zejoert d'Verwaltungsgeriicht saiséiert. Nodeems hien am Abrëll um Tribunal administratif Onrecht kritt hat, huet hien am Juni Appell gemaach op der Cour administrative.

Där hir Riichteren halen an hirem Uerteel ë.a. fest, dass et duerch deen neie Statut keng Ënnerdeelung oder Kategorisatioun méi gëtt, mä just eng eenzeg Entitéit mat 5 Serië vu Fonctionnairen, déi de Graden F8 bis F12 entspriechen. Deemno wär keen Ënnerscheed méi ze maachen tëscht dem Block vun de Graden F8 bis F10 an deem vun de Graden F11 an F12. Et wär also keng Brems méi do, fir am Grad F10 hänken ze bleiwen, besonnesch och well de Polizist de richtege Moment déi néideg Diplomer hat, fir an d'Graden F11 an F12 ze kommen. Fir déi zweet Riichteren ass d'Décisioun vum Minister wéinst dem net-Applizéiere vun Artikele vum Gesetz z'annulléieren. den Dossier soll dann och zréck bei den Etienne Schneider, fir de Rang vum Polizist ze fixéieren, dee sengersäits keng Indemnité de procédure vun 3.000 € zegutt huet. De Staat huet iwwerdeems d'Käschte vun deenen zwou Instanzen ze droen.