D'Parteie sinn am Gaangen, sech hir Kandidate fir d'Chamberwahle beieneenzesichen.

Eng Aufgab, déi dëser Deeg emol bei der CSV um Niveau vun de Bezierker geschitt. Am Zentrum goufe 16 vun den 21 Kandidate bei der CSV vum Bezierkscomité nominéiert - déi aner 5 Plaze gi bis de Konvent am Mäerz duerch de Weiserot bestëmmt.

Gréisser Iwwerraschunge ginn et RTL-Informatiounen no beim Verdeele vun dësen 16 Plazen op der Zentrums-Lëscht keng, och wann een op déi kleng Nuance muss uecht doen.

Mat dobäi si bis op een, all déi 8 aktuell Zentrums-Deputéiert, also de Spëtzekandidat Claude Wiseler, grad wéi de Serge Wilmes, d'Martine Mergen, de Paul-Henri Meyers, de Laurent Mosar, d'Diane Adehm an de Marc Lies vun Hesper. Den aktuellen Deputéierte Marcel Oberweis iwwerdeem géif net méi kandidéieren.

Dobäi och d'Stater CSV-Conseillière Claudine Konsbrück grad wéi de jonken 1. Schäffe vun Nidderaanwen Fréd Ternes, deem säi Buergermeeschter Raymond Weydert net matgeet. Da sinn och gewielt aktuell Buergermeeschteren dobäi: dëst sinn d'Natalie Silva aus der Fiels, de François Sauber vu Walfer, d'Simone Massard-Stitz vu Sandweiler an d'Marion Zovilé vu Konter. Och dobäi den Nico Pündel, deen 2021 de Buergermeeschterposten zu Stroossen iwwerhëlt.

D'CSJ-Nationalpresidentin Elisabeth Margue ass dann och bei de 16 Leit dobäi, déi bis ewell fixéiert goufen, grad wéi de jonke Vincent Reding, deen zu Weiler-la-Tour hätt kéinte Buergermeeschter ginn.

Wéi gesot sinn dëst emol 16 vun 21 Kandidaten. Um Weiserot ass et dann, fir nach aner CSV-Mandatairen op d'Lëscht fir d'Chamberwahlen ze setzen, wéi zum Beispill gewielt Stater Conseillere wéi de Maurice Bauer oder och e Paul Galles. Och d'Viviane Reding ass jo am Gespréich fir am Zentrum bei der CSV mat op d'Lëscht ze goen - hei spillen elo d'Parteistrategien - um CSV-Konvent ass et de 24. Mäerz dann, fir iwwert d'komplett Lëschten ofzestëmmen.