Meenungsfräiheet, wat ass dat?
Meenungsfräiheet, wat ass dat? 31 Schüler vun der Escher Brillschoul sinn där Fro nogaangen.
Entstanen ass e Buch iwwer Meenungsfräiheet mat Interviewen vu 160 Perséinlechkeeten aus der ganzer Welt. "Meenungsfräiheet, wat ass dat?" ass méi wéi e Buch vun 356 Säiten.
Fir déi 31 Schüler aus der Brillschoul an hir Enseignantë war et eng richteg Aventure. Ugefaangen huet alles domat, dass zwou Klassen beim Concours Jeunes Journalistes 2016 matgemaach an och nach gewonnen hunn. Vun do u waren si net méi ze stoppen.
Um Enn hu si Interviewe mat 160 Perséinlechkeeten aus der ganzer Welt gemaach. D'Buch besteet deemno virun allem aus Interviewen. 15 Méint hunn d'Schüler mat hiren Enseignanten un dësem Buch geschafft. An d'Essenz vun der Meenungsfräiheet resuméiere si esou: "On peut dire les choses qu'on veut. mais on doit respecter les autres".
Niewent den Interviewe sinn an dësem Buch ganz vill Fotoen, déi och den Echange weisen, deen d'Schüler mat hire Gespréichspartner haten.