No 14 Joer um Krautmaart zitt de Marcel Oberweis am Juni e Schlussstréch ënnert seng Carrière als Deputéierten. Dat huet hien RTL confirméiert.

Wéi mir en Donneschdeg gemellt hate, geet den CSV-Parlamentarier Marcel Oberweis bei den nächste Chamberwahlen net méi mat. Op den 30. Juni hält hien als Deputéierten no 14 Joer um Krautmaart op a gëtt vun deem Moment u vun der CSV Politikerin Claudine Konsbrück ersat, déi noréckelt.

AUDIO: CSV: Claudine Konsbruck no Marcel Oberweis - Rep. N. Gautier

Scho virun 2 Joer ass de Marcel Oberweis op Gemengenniveau méi kuerz getrueden. Hien huet sech do aus dem Schäfferot zu Steesel zeréckgezunn a wollt deemools nëmme méi am Gemengerot aktiv sinn. Eng Decisioun, déi deemools schonn de Wee fir seng aktuell Decisioun tracéiert huet, seet de Marcel Oberweis. Den 9. Abrëll géif hien 69 Joer al ginn, an da wier et Zäit a sengen Aen fir Äddi ze soen. Hien hätt 1962 ugefaange mat Schaffen, sou seet de Marcel Oberweis an eisem Interview... dat wier e ganz laange Wee. Elo wéilt hie sech op seng Kooperatioun an Afrika konzentréieren, wou hien als Ingenieur Projeten um Lafen huet. Do gesäit hien elo seng Aufgab.

AUDIO: De Marcel Oberweis

Hie wéilt elo jonke Leit d’Rudder iwwerloossen, esou de Marcel Oberweis. D’Claudine Konsbruck géif do ganz gutt passen - si ass eng Juristin, déi den Ament am Justizministère an der Funktioun als Regierungsconseillère schafft. Si war 26 Joer an deem Ministère an hätt do vill legislativ Aarbecht gemaach, dat Wëssen an déi Experienz wéilt si elo an der Chamber abréngen an dann d'Gesetzer vun der anerer Säit suivéieren ...

Virun e puer Woche wier d'Claudine Konsbruck iwwert d'Decisioun vum Marcel Oberweis, sech zeréckzezéien, informéiert ginn - eng Decisioun, déi et hir elo erméiglecht, nach kuerz virun de Chamberwahlen um Krautmaart matzewierken. Net nëmmen als Juristin wëll si hiren Input ginn, mee och als Mamm vun 3 Kanner an als Presidentin vun der Initiativ Rëm Schaffen.