Ëmmer méi dacks gesäit ee se: Leit, déi op der Strooss schlofen a kee festen Daach iwwert dem Kapp hunn. Elo am Wanter eng kritesch Situatioun.

Fir datt d'Leit net op der Strooss iwwernuechte mussen, gëtt et zanter 9 Méint de Service Premier Appel. Eng Hëllef fir all déi, déi soss net méi vill hunn. De Service këmmert sech virun allem ëm akut Noutfäll, mee vermëttelt déi Betraffen och un aner Organisatiounen.

Fir jiddereen do ze sinn, deen Hëllef brauch. Einfach nolauschteren oder och just eng waarm Zopp an e puer waarm Wierder. Dat geet dacks schonn duer, fir de Leit ze hëllefen.

Den Ament gi virun allem Schlofsäck gebraucht a gesicht. An den Nuetsfoyeren ass nämlech net ëmmer dir all Sans-Abrien e Bett fräi.

RTL