Et bleift dobäi: Trotz Appell um Verwaltungsgeriicht hält d'Politik am neie Spidolsplang un der deelweiser Monopolstellung vum Staatslabo LNS fest.

D'Santéskommissioun huet sech um Dënschdeg de Moien no engem rezenten Appelluerteel um Verwaltungsgeriicht misse mat dëser Fro beschäftegen, ma léisst d'Argument aus dem Arrêt net gëllen.

AUDIO: Staatslabo behält Monopol op Analysen/Reportage C. Zeimetz

D'Riichter vun der Cour administrative haten Enn November zu Gonschte vun de Privatlaboen tranchéiert.

Der Presidentin vun der Santéskommissioun Cécile Hemmen vun der LSAP no géif awer aktuell net méi zoutreffen, wat am Uerteel ugeprangert gouf. Enn 2016 wiere wuel nach 45% vun den concernéierten Analysen an d'Ausland geschéckt ginn, fir traitéiert ze ginn.

De leschte Chifferen, déi um Dënschdeg de Moien op dem Dësch komm sinn, louch dee Chiffer elo nach bei 14%. An deem Sënn wier et net méi gerechtfäerdegt, datt d'Privatlaboen en Deel vun den Analyse missten iwwerhuelen.

De Staatslabo hätt sech an der Lescht och personaltechnesch verstäerkt, dat heescht Pathologe bäikritt. Bis Enn des Joers sollen et der 18 sinn.

D'Santéskommissioun huet um Dënschdeg de Moien am Ganzen 3 Amendementer am neie Spidolsgesetz zréck bei de Staatsrot geschéckt. De Vott am Chamberplenum, deen eigentlech fir Mëtt Januar elo ugestrieft gi war, kritt no den Diskussiounen elo Verspéidung.

Reaktiounen: Privat-Laboe géint eng Monopolstellung vum Staatslabo

Den Direkter vu Ketterthill Stéphane Gidenne ass a bleift awer, dat wonnert een net, géint d'Monopolstellung vum Staatslabo an domadder och géint d'Decisioun, déi d'Deputéiert um Dënschdeg geholl hunn. Den LNS misst och an Zukunft eng Referenz bleiwen. D'Monopolstellung vum Staatslabo géif d'Privatlaboratoiren awer blockéieren.

AUDIO: Extrait Stéphane Gideene

Déi privat Laboratoires Réunis sinn och net frou iwwert d'Decisioun vun der Politik, de Monopol bei den Analysen am Beräich Anatomo-Pathologie vum Staatslabo net opzehiewen. Dat sot den Affekot de Me Marc Glodt am RTL-Interview. Et géif een net verstoen, wisou esou Saachen iwwerhaapt um Geriicht misste landen. Ëmmerhin hätt een zéng Joer mam Staat iwwer eng national Léisung geschwat.

D'Privatlaboen hätten esou ee grousse Succès, well se esou gutt géife schaffen. Och qualitativ géifen d'Laboratoires Réunis op d'mannst esou gutt do stoen, ewéi den LNS, esou de Me Glodt nach. D'Uerteel vum Verwaltungsgeriicht, de Monopol vum Staatslabo net unzëerkennen, hätt bei verschiddene Patienten Hoffnunge provozéiert. Hoffnunge vu progressistesche Leit, déi nei Weeër vu Déngschtleeschtungen appreciéiere géifen.