Fir de kanadesche Wëssenschaftler bitt d'Méisproochegkeet Virdeeler an der Erzéiung.

D'Gehir besser verstoen, fir besser z'enseignéieren. Dorëms goung et en Dënschdeg Owend op enger Konferenz, op déi den Lycée Aline-Mayrisch, den Institut Français du Luxembourg an d'Associatioun vun de Freelance-Professeren zu Lëtzebuerg invitéiert haten. De weltwäit renomméierten, kanadeschen Universitéitsprofesser Steve Masson hat sech schonn am Virfeld Zäit geholl, fir eis seng Recherchen z'erklären an och op de Lëtzebuerger Kontext anzegoen.

AUDIO: Proefesser Masson iwwer d'Edukatioun / Rep. Annick Goerens

Jee méi een d'Fonctionnement vum Gehir während dem Léiere versteet, ëmsou besser a méi effikass kann een enseignéieren, dat ass d'Prämisse vum kanadesche Chercheur. De Steve Masson a säin Team hunn erausfonnt, dass d'Schüler, fir eng Matière gutt ze léieren, an ee Kontext musse gesat ginn, wou se sech aktiv un dat Geléiert mussen erënneren, fir dass et duerno och hänke bleift.

De Steve Masson erkläert, datt wann een den Effort mécht, fir sech un eppes, wat ee geléiert huet, z'erënneren, an deen Effort och méi dacks mécht, gëtt d'Gehir aktivéiert an d'Verbindunge vun den Neurone gi méi staark. Dat hëlleft engem, fir Neies ze léieren an doduerch gëtt ee besser an deem Domän.

An deem Sënn wär et am Gehir d'nämmlecht, wéi an engem Bësch. Wann een am Bësch tëscht de Beem spadséiere geet an ëmmer nees déi selwecht Route geet, dann entsteet lues a lues e Pad op der Plaz. Am Gehir ass dat ähnlech. Doduerch, datt een d'Raison-Neuronen ëmmer nees aktivéiert, ginn dës méi staark an et kann een nei Kompetenzen léieren.

Wéi gesäit et awer aus fir d'Schüler hei am Land, wou nieft den traditionellen Erausfuerderunge vun der Educatioun, och nach déi vill Sproochen dobäikommen?

Well wa méi Sprooche musse geléiert ginn, ass dat eng zousätzlech Erausfuerderung fir d'Schüler. Wann een awer méi Sprooche léiert, gi verschidden Aspekter vum Gehir optimiséiert.

Fir de Wëssenschaftler ass et da fir d'Gehir och e Virdeel, wann ee vun enger Sprooch an déi aner ka wiesselen. Fir d'Gehir bedeit dëst e gewësse Kontroll, wat nees de Pensum vum Gehir kann ausbauen.

Extrait Steve Masson
Fir de kanadesche Wëssenschaftler bitt d'Méisproochegkeet Virdeeler an der Erzéiung.

Deemno wären déi vill Sproochen am Lëtzebuerger Enseignement een Avantage, och wann et heiansdo eng Erausfuerderung wär, fir ze léieren, sou nach den Steve Masson, Professer op der "Université du Québec" zu Montréal.