Epicerie "Am Duerf" zu Schrondweiler
Back to Basics ass ugesot. Ëmmer méi Leit entscheede sech dofir, ee méi einfacht Liewen ze féieren.
Villäicht net esou vill ze verdéngen, dofir awer méi zefridden ze sinn, mat manner Stress a méi Liewensqualitéit. Och déi Fra, déi mer iech elo presentéieren, huet virun e puer Joer e komplett neie Wee ageschloen. Si huet esou net just hiert Liewen zum Positive verännert, mä gläichzäiteg och dat vun engem ganzen Duerf. D’Epicerie „Am Duerf“, e Geschäftsmodell, dee weist, datt et och anescht geet.
Mir sinn an der Epicerie am Duerf zu Schrondweiler. D‘Nathalie Meiers, fréier emol Spillschoulsjoffer, ass duerch e Coup de foudre drop komm, hei e ganz neit Liewen unzefänken.
D'Philosophie vun der Epicerie ass et frësch lokal Produiten ze verkafen, déi net verschafft sinn a wéineg verpaakt sinn. Virun allem awer gesond. An dat an engem uerge Kader, dee bewosst ganz am Vintage gehale gouf. Hei soll alles onverfälscht sinn. Net perfekt, awer lieweg an no bei de Leit.
Dës Epicerie ass wäit méi, ewéi nëmmen e Liewensmëttelgeschäft. Hei kann een op ganz nei Weeër bruecht ginn. Um 1. Stack do verlount d’Nathalie e Raum fir Veräiner, Fester oder awer Coursen.
An der Epicerie am Duerf gëtt et also och e bëssen eng medezinesch Versuergung. Hei kann een dann och ganz natierlech Produkter fannen, fir de Kierper bausse wéi bannen an den Equiliber ze bréngen.
Den Impakt op d’Duerf beschränkt sech awer net nëmmen op gesond Iessen a Liewen. Allgemeng zu Schrondweiler huet sech villes zënter der Ouverture verännert. D‘Leit ginn erëm zu Fouss akafen, op eng Plaz, fir sech ze begéinen.
A weem et gutt gefält, dee kann och méi laang bleiwen. D’Nathalie Meiers verlount nämlech iwwert der Epicerie och zwee Zëmmer, déi nawell zimlech dacks beluecht sinn.