Lëtzebuerger Nobelpräisdréier am LGL
Zesumme mam Bruce Beutler an dem Ralph Steinman krut de Lëtzebuerger Fuerscher Jules Hoffmann 2011 de Nobelpräis an der Medezin.
Am Kader vum 125. Anniversaire vum Stater Jongelycée huet hien de Freideg de Moien an de Gebailechkeeten eng Konferenz iwwert déi ugebueren Immunitéit gehalen. Dat ass eng Schutzreaktioun, déi virun allem bei Déiere virkënnt, fir Infektiounen ofzewieren. An deem Kontext huet de Jules Hoffmann eng sëlleche Recepteuren analyséiert. Dobäi koum eraus, datt déi ugebueren déi adaptiv Immunitéit bei Mënsch an Déier stimuléiert. De Fuerscher Jules Hoffmann erkläert:
D'Zil vun dëse Recherche war et, d'Immunsystemer besser ze verstoen an d'Erfuerschung vu Vaccinen unzedreiwen. De Laureat vum Nobelpräis wollt den 100 Schüler awer och erklären, wei staark sech d'Fach Biologie an de leschte 50 Joer entwéckelt huet:
An de 60er Jore war de Jules Hoffmann iwwregens selwer Schüler am Stater Jongelycée.