Dat geplangte Containerduerf fir 300 Flüchtlingen an der Gemeng Mamer ass vum Dësch d'Verwaltungsgeriicht huet elo den Règlement grand-ducal annuléiert.

Nodeems schonn déi geplangte Containerdierfer fir Réfugiéen zu Jonglënster an zu Stengefort verworf gi sinn, ass zanter e Freideg och de Projet Mamer Flüchtlingsheem definitiv vum Dësch. Eng 40 Awunner hate virum Verwaltungsgeriicht géint di geplangte Struktur geklot, an hirem Uerteel hunn elo d'Riichter den deementspriechende  Règlement Grand-Ducal annuléiert.

Op d'Areal nieft dem Campus Tossebierg soll dofir elo eng nei Schoul gebaut ginn.