Stéphane Pallage heescht den Nofolger vum Rainer Klump un der Spëtzt vun der Uni. - Groussen Interview vum Caroline Mart elo online op RTL.lu.

Den neie Rektor vun der Uni ass e Méindeg offiziell op enger Pressekonferenz presentéiert ginn. Stéphane Pallage heescht de Mann deen, esou gëtt gehofft, eng besser Hand huet mat der Gestioun vun der well 14 Joer aler Uni wéi säi Virgänger. Den Däitsche Rainer Klump, deen am Januar 2015 eréischt d'Successioun vum Rolf Tarrach ugetrueden hat, huet d'lescht Joer am Hierscht no manner wéi 2 Joer d'Handduch gehäit, dat nodeem de Budget fir d'éischt net ugeholl an extern Beroder geruff goufen, fir d'Finanzen an de Grëff ze kréien.

VIDEO: Interview mam neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg
D'Caroline Mart am Gespréich mam Stéphane Pallage. (Laang Versioun vum Interview extra fir RTL.lu.)

Ech wier fir keen anere Projeten vu Montreal fortgaang, dat sot den neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg e Méindeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz. De Stéphane Pallage huet op den 1. Januar d'Successioun vum Rektor faisant fonction Ludwig Neyses iwwerholl.

D'Finanze stinn haut ganz gutt, sot den neie Rektor, deen an der Uni Lëtzebuerg - Zitat - "e Bijou mat enormen Potenzial" gesäit. Erkläerten Zil vum Stéphane Pallage ass et, d'Uni ënnert déi bescht op der Welt ze bréngen.

Am Kader vun der Pressekonferenz ass och den neie sougenannte Contrat d'établissement fir déi nächst 4 Joer an Héicht vu 766,8 Milliounen Euro tëscht dem Héichschoulministère an der Uni Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn. D'Dotatioun vum Staat geet ëm 30% erop, ënnert anerem wéinst dem geplangte Bachelor an der Medezin.

Den neie Rektor gesäit am Kontrakt e Vetrauensbeweis vun der Politik an d'Uni engersäits an en Engagement vun der Uni géintiwwer der Politik anerersäits, déi d'Finanzen exemplaresch geréiere misst.

AUDIO: Deen neie Rektor Stéphane Pallage: Rep. Claude Zeimetz

De Stéphane Pallage wier och iwwert dat neit Unigesetz informéiert ginn, huet et e Méindeg de Mëtteg nach geheescht. De Concernéierte selwer huet gemengt, hie kéint mam neie Gesetz liewen. De Rektor begréisst, datt d'Rolle mam neien Text besser definéiert ginn a virun allem awer och an der Kontinuitéit weider gefuer gëtt.

De Stéphane Pallage ass vun engem spezielle Recrutementscomité rekrutéiert ginn, an deem déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Uni keen direkte Vertrieder vun der Regierung mat dra souz, huet den delegéierten Héichschoulminister Marc Hansen nach betount.

VIDEO: De Marc Hansen iwwer deen neie Rektor
Den delegéierten Héichschoulminister iwwer den Engagement vum Stéphane Pallage.

Den neie Mann ass studéierten Ekonomist, gebiertege Belsch an huet déi lescht 20 Joer am Kanada gelieft. Ze lescht war hien den Doyen vun der École Supérieure de Gestion vun der Uni Montreal Quebec.

Den Interview am Resumé
D'Caroline Mart huet mam neie Mann am groussen Audimax op Esch-Belval e längeren Interview gemaach iwwert säi Profil, seng Erwaardung, wéi hien d'Uni Lëtzebuerg haut gesäit a wou hie se wëll hi bréngen.

Ganz begeeschtert ass de Stéphane Pallage vu senger neier Aarbechtsplaz, d'Uni kennt hien, zanter si gegrënnt gouf, e nennt se e reegelrechte Bijou, hien huet och grousse Respekt virun der Leeschtung vum laangjärege Rektor Rolf Tarrach a freet sech, dass d'Lëtzebuerger Regierunge konsequent un de Projet gegleeft an en ënnerstëtzt hunn. Kee Wuert iwwert säin direkte Virgänger, de Rainer Klump, dee jo no manner ewéi 2 Joer schonn d'Handduch gehäit huet.

Natierlech weess den neie Mann ëm d'Problemer, déi et dat lescht Joer gouf, d'Diskussiounen ëm de Budget an d'Gestioun vun der Uni mat engem ganz dominante Conseil de Gouvernance an zemools bei de Professere vill Bedenken a Kritik.

"Et gëtt 3 Gremien: de Conseil de Gouvernance, d'Rektorat an de Conseil Universitaire", seet de Stéphane Pallage, "an déi 3 hunn hir Roll ze spillen." Wat säi perséinleche Spillraum als Rektor ass, seet hien net, mä och do Zouversiicht, dass Decisioune kënne kollegial geholl ginn. A senger Gestioun versprécht hien eng besser Kommunikatioun a gréisstméiglech Transparenz.

Firwat huet seng Kandidatur iwwerzeegt, wat si seng fachlech a mënschlech Qualitéite fir den Job? "Ech kann immens gutt nolauschteren", ass d'Äntwert an da beschreift de Stéphane Pallage sech als en Humanist méi ewéi e rengen Ekonomist. Wuel huet hien dat an der Belsch an duerno an den USA studéiert, och vill an deem Beräich publizéiert, mä hie wier grad esou doheem an der Mathé oder de Sciencen a géing zanter Joren och Poesie schreiwen.

Op d'Fro, dass muncher een hien als Neoliberalen ugesäit, laacht hien nëmmen, do wier keng Gefor an och d'Tatsaach, dass e Mann vun de Wirtschaftswëssenschafte gesicht gouf als Rektor géing net bedeiten, dass d'Uni virop geduecht ass, fir der Ekonomie ze déngen.

Wat ass dann Zil vun enger Uni? Déi nächst Generatioun auszebilden, gläichermoossen ze fuerschen an auszebilden. Bei der applizéierter Fuerschung wier de Bénéfice fir haut, bei der Grondlagefuerschung fir muer, allebéid wieren néideg. Och d'Humanwëssenschaften hunn eng wichteg Plaz, grad d'Historiker vun der Uni hätte scho vill derzou bäigedroen, d'Geschicht vu Lëtzebuerg besser ze verstoen, virop am Zweete Weltkrich.

Iwwerhaapt ass all Diskussioun wëllkomm op der Uni, Debatte sollen do gefouert ginn, och iwwert d'Identitéit vum Land an de Rektor gesäit duerchaus eppes wéi en ëffentlechen Optrag, dat ze maachen an de Politiker Entscheedungshëllef ze liwweren.

Wat si seng Prioritéite fir déi nächst Méint? "Ech kann Iech direkt soen, wat ech déi nächst 10 Joer wëlles hunn: Aus der formidabeler Startup, déi d'Uni ass, eng Institutioun an eng vun de beschten Unien ze maachen."

Den neie Rektor ass offensichtlech komm, fir méi laang ze bleiwen: "Sou oft kënnt een net iwwert den Atlantik", ass säi Schlusssaz!

Aus der Uni Lëtzebuerg an den nächsten 10 Joer eng vun de beschten op der Welt ze maachen, dat ass dat erkläerten Zil vum neie Rektor vun der Uni. De Stéphane Pallage huet säi Posten op den 1. Januar iwwerholl an ass e Méindeg der breeder Ëffentlechkeet am Héichschoulministère virgestallt ginn. De gebiertege Belsch an Adoptivkanadier vun 49 Joer gesäit an der Uni.lu e Bijou mat enormem Potenzial. / © Claude Zeimetz

C O M M U N I Q U É

Marc Hansen présente le nouveau recteur de l'Université du Luxembourg (15.01.2018)

Communiqué par: ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche Lors d'une conférence de presse, le ministre délégué à l'Enseignement supérieur et à la Recherche, Marc Hansen, a présenté le nouveau recteur de l'Université du Luxembourg qui a pris ses fonctions en date du 1er janvier 2018 et ce pour un mandat de 5 ans.

Stéphane Pallage (49 ans), professeur en Sciences économiques, a grandi à Malmédy en Belgique, et possède les nationalités belge et canadienne. En tant que professeur à l'Université du Québec à Montréal, il a travaillé principalement sur la macroéconomie appliquée, le développement économique, les modèles dynamiques d'équilibre général, l'aide internationale et la lutte contre le travail des enfants. De 2013 à 2017, il était doyen de l'École des sciences de la gestion de l'Université du Québec, qui compte 15.000 étudiants, 300 professeurs, 300 chargés de cours et près de 100.000 alumni dans le monde. Outre son excellence académique et ses compétences de direction d'une institution académique importante, le Professeur Pallage apporte une expérience professionnelle dans un environnement multiculturel, parle couramment le français, l'anglais et comprend l'allemand.

À la suite de la présentation du recteur, Marc Hansen d'une part et le président du conseil de gouvernance, Yves Elsen et le recteur Stéphane Pallage d'autre part ont signé le nouveau contrat d'établissement entre l'État et l'Université du Luxembourg. Pour la période de 2018-2021, une dotation de 766,84 millions d'euros sera attribuée à l'Université. La dotation de l'État connait ainsi une croissance de 178,24 millions d'euros, soit 30% par rapport à la période 2014-2017. S'ajoutera encore à cette dotation un montant de 26,4 millions d'euros pour le développement des études universitaires de médecine.

Au total, l'État investira 1,44 milliard d'euros dans la recherche et l'enseignement supérieur pour la période de 2018 à 2021. Les moyens financiers mises à dispositions par l'État connaissent ainsi une croissance de 284 millions d'euros, correspondant à une augmentation de 25% par rapport à la période de 2014 à 2017.