Et gi kuerzfristeg Adaptatioune vum Congé no der Gebuert beim Staat. All Staatsbeamtin kritt 12 Woche Congé de maternité postnatal accordéiert.

AUDIO: Dan Kersch zu CGFP a Congé no der Gebuert / Claude Zeimetz

Et war jo d'DP-Ministesch Corinne Cahen, déi ëffentlech 20 Woche Congé maternité fir all Fra gefuerdert huet.

Sou einfach ass et nun awer net gewiescht, kontert den Dan Kersch an huet e Mëttwoch de Moien annoncéiert, dass wann et sou einfach wier, wéi dat elo duergestallt gëtt, dann hätt d'Madamm Cahen jo kënnen an deem Gesetz, wat si op den Instanzewee bruecht huet, dat reegelen. Dat wier du leider net geschitt an et wier och net mam Minister Kersch a mat de Sozialpartner aus der Fonction Publique geschwat ginn.

AUDIO: Den Dan Kersch

Den aktuellen Test géif ee virun Interpretatiounsschwieregkeete stellen. En attendant en neien méi e kloren Text, gëtt awer elo schonn zu Gonschte vun de betraffene Leit decidéiert, sou den Inneminister. Jiddereen kritt also déi 12 Wochen, dat heescht 20 Wochen Congé de Maternité am ganzen, onofhängeg dovunner ob d'Fra niert oder net.

Den deementspriechenden Text soll da mëttelfristeg iwwert e groussherzoglecht Reglement adaptéiert ginn. Zanter dem 1. Januar gouf et jo beim Congé d'allaitement eng Diskrepanz tëscht Privatsecteur a Staat. Mat der gestëmmter  Reform vun de spezielle Congésdeeg hat all Mamm déi am Privatsecteur schafft zanter Uganks des Joers 20 Woche Congé de maternité zegutt. Dee Changement gëtt elo also och elo beim Staat nogeholl.