Fir den Etienne Schneider ass e griichesche Jughurt-Produzent am Grand-Duché eng gutt Iddi, der Carole Dieschbourg ass et en Dar am A.

Schwätzt d'Regierung nach mat enger Stëmm an aus engem Mound? Dës Fro kann Ee sech esou lues stellen, nodeem deen ee Minister "Hott" an een Aneren "Har" bierelt. Braderie vun den Iddien an Iwwerbidden an de Propositiounen, wéi um Beispill mat der Stagezäit am Staatsdéngscht sinn nëmmen ee Beispill. En anert ass d'kritesch Vue vun der Ëmweltministesch, wann et ëm de Bau vun zwou neien Fabricke geet. De Wirtschaftsminister ass heiriwwer net därmoossen "amused".

AUDIO: Schneider vs Dieschbourg / Reportage Roy Grotz

An hie wäert der Carole Dieschbourg seng Meenung och e Freideg am Conseil matdeelen, nodeem d'Ëmweltministesch an engem Wort-Interview zitéiert gëtt, datt hier d'Projete vun enger Jughurts- an enger Steewoll-Fabrik en Dar am A wieren. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider dierft et "lafen loossen", andeem hien hie seet, wat hien dovunner hält.

A wéi enger Tounlag dat dann ausfält, dierf Ee sech ausmolen. De griichesche Jughurt-Produzent Fage ass zanter 2 Joer mat de Prozeduren, fir eng nei Fabrick bei Beetebuerg ze bauen, am Gaangen. Den Invest wieren eng 100 Milliounen Euro. Déi zoustänneg gréng Ministere si kritesch an d'Carole Dieschbourg kritiséiert ënner anerem den enormen Waasserverbrauch, deen enger Stad mat 20.000 Awunner géif entspriechen. De Wirtschaftsminister geet net esou wäit, datt hien deene Grénge géif reprochéieren, seng Projeten ze blockéieren. Hei weess just, datt mir eng Rei Gesetzer a Reglementatiounen am Land hunn a keng Firma d'Autorisatioune kritt, wann dës net respektéiert ginn.

De Projet vun der griichescher Molkerei zu Beetebuerg mécht dem Etienne Schneider no nach op engem aneren Niveau Sënn. An zwar kéint déi Fabrick d'Mëllech de Lëtzebuerger Baueren ofkafen, fir domadder hire Jughurt ze maachen. Den Etienne Schneider war der Meenung, datt dëst eng gutt Iddi wier, ma aner Leit sinn do wuel anerer Meenung, sou de Minister.

Jo, an dës Kritiker sinn an Zäiten vu lancéierter Wahlcampagne net seelen. Ähnlech kritiséiert huet d'Ëmweltministesch notamment de Projet vun der Implantatioun vun enger Steewollfabrik vun der Firma Knauf an der Industriezone Gadderscheier. Nieft Google, wou d'Kritiken vun Nohaltegkeet a Kohärenz jo och am Raum stinn, also 2 weider konkret Beispiller vun méiglechem Kommunikatiouns-Dissens bannent der blo-rout-grénger Regierung, mä gewielt gëtt jo Réischt an 9 Méint.

Jongbaueren a Landjugend: Keng direkt Plus-Value

D'Baueren hei zu Lëtzebuerg hunn net direkt eng Plus-Value, wann eng griichesch Jughurtsfabréck am Grand-Duché aus Mëllech Jughurt mécht. Mat deene Wierder nuancéieren d' d'Aussoe vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider bei eis op der Antenn, dee gemengt hat, d'Fabréck, déi ze lescht vun der grénger Ëmweltministesch kritiséiert gouf, kéim de Lëtzebuerger Baueren ze gutt.

Dem Jeff Boonen no wier sou e Privatbetrib nëmmen un der Matière première Mëllech interesséiert,an dorunner, hire Profit ze maximiséieren. D'Mëllech gëtt do kaf, wou ee se an der Ëmgéigend am bëllegste kritt. An dat wieren net déi Molkereien, wou d'Lëtzebuerger Baueremember sinn, sou de Vertrieder vun de Jongbaueren. D'Baueren hei am Land kéinte wéinst de méi héije Produktiounskäschten net mat den niddrege Präisser um Weltmarché mathuelen.

De Projet wier wuel aus wirtschaftlecher Siicht hier intressant. Et kéint een en awer net als Highlight fir d'Landwirtschaft presentéieren, mengt de Vertrieder vun de Jongbaueren.

Fir de Bauere wierklech ze hëllefen, misst een d'Mëllech net eleng als Rohstoff, mä als Produkt gesinn. Dat wier dem Jeff Boonen no eng reell Wäertschöpfung. Et misst een et fäerdeg bréngen, datt en Deel vun der Mëllech, déi haut nach exportéiert gëtt, hei am Land konsoméiert gëtt oder awer da mat nach méi Plus-value an d'Ausland verkaf ka ginn.