„An eegener Saach: Eng Kéier muss Schluss sinn“ – sou heescht e Freideg en Artikel an der satirescher Wochenzeitung "De Feierkrop".

"Eemol muss Schluss sinn", heescht et um Freideg op der éischter Säit vun der satirescher Wochenzeitung. Enn des Joers hält de Feierkrop oder besser gesot "den neie Feierkrop", wéi d'Zeitung mat vollem Numm heescht, op. Aus fräie Stécker.

Den 21. Dezember kënnt dee leschte Krop a senger aktueller Versioun eraus. Domadder geet eng Aventure, déi 1993 ugefaang huet, no 25 Joer op en Enn.

De Matgrënner Jacques Drescher erkläert, datt et nach e flott Joer gëtt, ma een elo schonn annoncéiert, datt een ophält, fir datt d'Abonnente wëssen, wou si dru sinn. Et gëtt awer och nach e Liewen nom Feierkrop: De Feierkrop, oder eng satiresch Zeitung am Allgemengen, ass eppes, wéi eng Epicerie. Dat kann een eng Kéier ufänken an och eng Kéier ophalen. Et kann een et och nach bis 90 Joer weider maachen, mä da steet een esou laang bei der Keess, an dat wëllen d'Leit beim Krop net.

AUDIO: Extrait Jacques Drescher

Eng satiresch Zeitung géif ëmmer un deene Persounen, déi se grënnen, hänken, mengt de Jacques Drescher. Sou eng Equipe vu Journalisten an Zeechner, wéi deemools, déi op enger Wellelängt sinn, wier e Glécksfall gewiescht. Einfach sou eng nei Equipe fannen, wier net sou einfach.

Fir den Ofschloss plangt de Feierkrop ënnert anerem e Réckbléck. D'Zeitung huet den Ament nach ronn 2.100 Abonnenten. 1999 waren et der nach 3.300. De Jacques Drescher schwätzt vun enger Erosioun, déi et awer och bei der anerer geschriwwener Press géif ginn. Ma de Feierkrop wier nach ëmmer eng vun deene Wochenzeitungen, déi am meeschte am Kiosk verkaf géif ginn.

De Verlag steet sech eegenen Aussoen no finanziell gutt do a bleift och weider bestoen. De Jacques Drescher huet wëlles,  och iwwert dëst Joer eraus, nach sporadesch Publikatiounen erauszeginn. Méi Detailer dozou wollt hien aktuell awer nach net verroden.

VIDEO: De Jacques Drescher iwwer d'Vergaangenheet an d'Zukunft
Duerch d'Prozesser mam Gaston Vogel konnt ee fir d'Satire eng Jurisprudenz schafen, wat et zu Lëtzebuerg bis dohin nach net gouf.