An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gëtt den éischte Satellit vun der Lëtzebuerger Entreprise GovSat an Orbit bruecht.

D'Fro, déi ee sech stelle kann, ass, wisou Lëtzebuerg esou e Projet finanzéiert a wat et dem Grand-Duché ka bréngen?

D‘Entreprise GovSat gouf 2015 gegrënnt. Et ass eng ëffentlech privat Joint-Venture vum Lëtzebuerger Staat an dem Satellitte-Bedreiwer SES. Mam GovSat-1 soll dës Woch een éischte Kommunikatiounssatellit an den Orbit bruecht ginn, fir verschidde Missiounen, virop fir militäresch Zwecker. Lëtzebuerg huet decidéiert, d‘Ausgabe fir d’Defense ze erhéijen, fir d‘NATO-Obligatiounen z'erfëllen. Zil wier et, fir anere Partner, dat heescht Regierungen an Institutiounen, wéi zum Beispill der europäescher Weltraum-Agence, Kapazitéiten op deem Satellit ze verkafen.

GovSat huet fir den éischte Satellitte-Projet 225 Milliounen Euro investéiert. Ass de Satellit asazbereet, gi Kapazitéiten un Drëtter Verkaf. Esou géif fir d‘SES an de Staat ee Retour économique erauskommen, erkläert de Wirtschaftsminister. D'Kommunikatiounscapacitéite ginn der Nato zum Deel gratis zu Verfügung gestallt, fir eise Roll z'erfëllen. Donieft ginn et awer aner Nato- oder Uno oder EU-Partner, déi dës Capacitéiten da kafe kënnen. Esou mécht d'Firma da Beneficer

Et wier ee neie Business-Modell, deen ee géif op de Maart bréngen, militäresch Frequenze kéinte Partner zur Verfügung gestallt ginn, erkläert de Patrick Biewer, CEO vu GovSat.

Strikt Spillregele wieren definéiert ginn, fir e Mëssbrauch ze verhënner. All Notzung misst am Aklang mam internationale Recht stattfannen. GovSat kann dann och net an den Detail vun den Iwwerdroungen eragoen, dat läit bei den Natiounen, déi de Service notzen. Wann d'UN awer géif decidéieren, datt dem internationale Recht net Rechnung gedroe gëtt, ka GovSat den Zougang zu de Capacitéiten net ginn.

Geet alles riicht aus, gëtt de GovSat an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch mat enger Rakéit an den Orbit geschéckt, operationell wier e 4 bis 6 Woche méi spéit.

De Lëtzebuerger Satellitte-Secteur: SES an aner Entreprisen

VIDEO: SES an de Lëtzebuerger Satellitte Secteur
Nieft der SES, déi et zanter 1985 gëtt, huet Lëtzebuerg nach villes a puncto Satellitten ze bidden.

De Satellitte gëtt u Bord vun enger Falcon 9 Rakéit, déi SpaceX gehéiert, an de Weltall bruecht an dann op Orbit gesat. Geréiert gëtt de Satellitte vu GovSat, enger Joint Venture tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der SES, déi 2015 gegrënnt gouf. Zil ass et, Regierungen Kommunikatioun-Capacitéiten zur Verfügung ze stellen

Dat klengt Lëtzebuerg ass jo an der Welt bekannt duerch de Satellitte-Bedreiwer SES, dee mëttlerweil 99 Prozent vun der Welt mat senger Satellitte-Flott ofdecken kann. De Lëtzebuerger Satellitte Secteur ass awer och nach méi.

D’SES gëtt et zanter 1985, am Dezember 1988 gouf den Astra-1-A no iwwer 2 Joer an ufanks technesche Problemer an den Orbit geschoss. Vu Betzder aus ginn d’Satellitten am Weltall gesteiert. An de leschte Joren ass d’SES ëmmer weider gewuess a wiisst weider. SES ass weltwäit de Leader an der Transmissioun vu Videoen. An Zukunft setzt ee méi op den Date-Secteur, wou ee sech méi op d'Entreprisë an d'Gouvernemente wëll konzentréieren, seet de Karim Michel Sabbagh, CEO vun SES.

Auswäertung vu Satellitten-Donnéeën ass mëttlerweil eng Nisch, wou et eng Partie Entreprisen zu Lëtzebuerg gëtt, déi dëst maachen. Earth Lab ass do nëmmen ee Beispill.

Och de Secteur vun de Micro-Satellitten huet Fouss zu Lëtzebuerg gefaasst, d’Entreprise LuxSpace baut kleng Satellitten zu Betzder zesummen, huet awer kee Lien zur SES. An awer kann de ganze Secteur vun esou Entreprisë profitéieren. D'Micro-Satellitten zum Beispill kënnen hëllefen, fir datt de Secteur vun de grousse Satellitten nach méi séier weider kënnt an nach méi séier produzéiere kann.

En neie Modell geet d’SES an, andeems hir zur Halschent d’Entreprise GovSat gehéiert, déi aner 50 Prozent gehéieren dem Lëtzebuerger Staat. Zil ass et, fir Regierunge Kommunikatiouns-Capacitéiten zur Verfügung ze stellen.

An engem Reportage vum Méindeg gi mer op den ekonomeschen Interessi vun der Lëtzebuerger Entreprise GovSat an.

RTL

© SES

Lëtzebuerger Delegatioun op der Plaz

RTL

© SES

Dofir deplacéiere sech e Méindeg den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie, zesumme mam Premier- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel an dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider op Cape Canaveral a Florida, fir beim Lancement vum Satellitte dobäi ze sinn. Dësen ass fir en Dënschden den Owend um 22.23 Auer geplangt a gëtt live um Internet iwwerdroen.