Esou en Debat ass grad fir d'Schüler vun haut wichteg, well si an Zukunft an dëser Form vun Economie musse liewen.
Am Stater Kolléisch gouf e Méindeg de Moien iwwer d'Economie circulaire debattéiert. Iwwer 600 Schüler aus Lëtzebuerger Schoulen an aus der Groussregioun hunn un dësem Debat deelgeholl. 25 Lycéeën hunn un dëser Matinée deelgeholl, och vun Arel an Diddenuewen.






D’Economie Circulaire fänkt do un, wou de Produit entwéckelt gëtt. Esou soll den Dreck eng nei Ressource sinn, fir nei Produiten z’entwéckelen. D’Leit misste leieren, op eng aner Manéier ze consomméieren. Et soll ee kee Produit kafen, wat spéider net oft gebraucht géif ginn.
Et geet éischter drëms de Produit op eng aner Manéier ze notzen, wéi zum Beispill Spotify, Netflix, amplaz vun CD oder Blu Ray oder Car-Sharing am Plaz vum eegenen Auto.