Zënter der Rentrée funktionéiert um Belval d'"Académie de soutien aux études médicales et supérieures".

De Studenten am éischte Joer Medezin op der Uni Lëtzebuerg eng zousätzlech Ënnerstëtzung bidden, dat wëll d'Asemes, d'"Académie de soutien aux études médicales et supérieures".

AUDIO: Ënnerstëtzung fir Medezinstudenten / Rep. Pit Everling

Den Hugo Tamburini an de Jean-Baptiste Rosselet, zwéin Ex-Studenten, déi zu Nanzeg zesummen d'Schoulbänk gedréckt hunn, haten d'Iddi. Si hu constatéiert, datt et sou eng Zousaz-Offer zu Lëtzebuerg nach net gouf, am Ausland dat awer schonn de Fall war.

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt just dat éischt Joer vum Medezinstudium offréiert, iert d'Studenten dann a Richtung Frankräich oder Däitschland weider orientéiert ginn, an d'Belsch den Ament net. Et ass en éischt Joer wat net ëmmer einfach wier, seet de Jean-Baptiste Rosselet.

No de sëllechen administrativen Demarchë war et am leschten Hierscht sou wäit, d'Diere vun der klenger Akademie an der rue John Lennon um Belval goungen op, 10 Studenten hu sech ageschriwwen.

RTL

© Pit Everling / RTL Radio Lëtzebuerg

Pro Woch gi Suivi-Coursë vun op d'mannst 5 Stonnen ugebueden, sou de Jean-Baptiste Rosselet. Et ginn awer och zum Beispill Anti-Stress Atelieren oder d'Studente kënnen och léieren, wéi datt ee sech d'Informatioune besser ka verhalen.

Et gëtt gekuckt, datt et keng zäitlech Iwwerschneidunge mat de Coursen op der Uni gëtt. A la base waren 120 Stonne fir d'Joer virgesinn, well d'Demande bei den ageschriwwene Studenten awer sou grouss war, gouf de Volume vun de Stonnen däitlech ausgebaut, ouni datt et méi deier gouf, seet de Jean-Baptiste Rosselet. D'Präisser fir d'Studente fänke bei 3.600 € pro Joer un.

Et finanzéiert ee sech iwwregens souwäit selwer. D'Zil ass et d'Equipe vun Enseignante vun 13 op 20 erop ze kréien. D'Zuel vun de Studente kéint bei maximal 20 leien, fir de Qualitéitsniveau kënnen ze hale sollten et der net méi sinn, esou déi Responsabel.

Vun Enn Februar u gëtt och eng Formatioun fir Leit aus dem Lycée proposéiert, déi sech fir e Medezinstudium interesséieren, dat während 10 Samschdeger. D'Offer vun der Asemes soll och op de Beräich paramédical erweidert ginn.

All d'Informatioune gëtt et op asemes.lu.