Déi éischt elektresch Buslinn gouf en Donneschdeg zu Beetebuerg ageweit. D’RGTR-Linn 305 wäert an Zukunft tëscht Beetebuerg an Diddeleng zirkuléieren.
Assuréiert gëtt d’Linn vu 7 elektresche Busser, déi esouwuel Nuets, ewéi am Dag op enger Statioun kënne geluede ginn. Bis zu 170 Kilometer sollen d’Busser autonom fuere kënnen. E groussen Virdeel ass, datt d’Busser kee Verbrennungsmotor hunn. Zil ass et den RGTR-Reseau weiderhin z’elektrifizéieren, esou de François Bausch. Deemnächst soll dann och eng nei elektresch Linn am Uelzechtdall a Betrib geholl ginn.
Mat deene Projete wéilt een Erfarunge sammelen, fir an Zukunft méi op emissiounsfräi Gefierer eriwwerzegoen, esou nach de François Bausch.
Hei dat offiziellt Schreiwes:
François Bausch a inauguré la première ligne de bus RGTR entièrement électrique (08.02.2018) | |
| |
En date du 8 février 2018, le ministre du Développement durable et des Infrastructures, François Bausch, a inauguré à Bettembourg la première ligne de bus RGTR entièrement électrique. |