Uechter d'ganz Land goufen dëse Weekend erëm d'Buerge gebrannt. Domatter gouf also nees traditionell de Wanter verbrannt.

Et sief, um éischte Weekend vun der Faaschtenzäit hunn nees d'Buergen gebrannt an dat queesch uechter d'Land. Verschidde Buerge goufe schonn e Samschdeg Owend ofgebrannt, déi aner um Sonndeg, wéi z.B. zu Waarken.

Fotoe vu Beefort

© Jos Nerancic

Fotoe vu Lënster

© Lara Marteling, CD an lm

Fotoe vun der Virbereedung zu Ettelbréck

© Ketty a Rom Hankes

Fotoe vu Bouneweg

Fotoe vun Hënsdref

© Alice Steyer-Fonck

Fotoe vu Rued a Veianen

An der Gemeng Réiser ginn direkt dräi Buerge verbrannt

Eng dovunner vun de Pompjeeën aus dem Réiserbann. E Samschdeg am Nomëtten ass dat grousst Kräiz schonn opgeriicht ginn, um Sonndeg gouf nach eng leschte Kéier Holz a Stréi gesammelt, fir et fäerdeg ze dekoréieren. Dat Besonnescht dëst Joer: am Kader vum 100. Gebuertsdag vun de Pompjeeën, gouf d’Kräiz um Sonndeg den Owend vun engem Bouschéisser mat engem brennende Feil ugefaangen.

Buergbrennen: 100 Joer Réiser Pompjeeën
Dat Besonnescht dëst Joer: am Kader vum 100. Gebuertsdag vun de Pompjeeën.

Eis User hunn eis Andréck vun de Buergbrennen uechter d'Land op Foto festgehalen, déi mir Iech natierlech net virenthale wëllen.

Sou gouf et zum Beispill zu Nidderpallen e schéint Feier ...

Nidderpallen (17.2.18) / © Eric Hammermann

Nidderpallen (17.2.18) / © Eric Hammermann

... zu Réimech ...

Réimech (17.2.18) / © Johnny Geraets

... zu Uewerdonwen ...

Uewerdonwen (17.2.18) / © Romain Ney

... zu Wolz ...

... zu Wäisswampech ...

© Gilles Streitz

... zu Nidderaanwen ...

... zu Huldang ...

© Nathalie de Martines

... zu Dol ...

© Monique Leners

... zu Nouspelt ...

© Michel Welter

... zu Suessem ...

... zu Leideleng ...

Stréimännchen zu Réimech
Fir der Fuesent an de Geeschter vum Wanter Äddi an dem Fréijoer Moien ze soen, gouf zu Réimech schonn op Äschermëttwoch traditionell de Stréimännche verbrannt.

© Johny Pleimling

Mä wouhier kënnt déi al Traditioun vum Buergbrennen iwwerhaapt?

Dës Fro kann haut kee sou richteg beäntweren, mä et ginn zwou grouss Theorien. Déi eng Erklärung ass, dass den Zäitpunkt vum Buergbrennen op dat antikt Roum zréckzeféieren ass. Do gouf dat Neit Joer den 1. Mäerz gefeiert. Genee sou gutt kéint dëse Brauch awer och aus der keltescher Kultur stamen, wou d’Leit mam Feier déi béis Geeschter vum Wanter verdreiwe wollten.

Eppes steet awer fest: d’Wuert “Buerg” aus Buergbrennen huet näischt mat enger Buerg ze dinn, wéi mir se haut kennen. D’Etymologie vum Wuert kënnt héchstwahrscheinlech vum laténgeschen Verb “burere” wat “brennen” bedeit. Oder vum griichesche Wuert “pyrgos” wat “Tuerm” heescht.