Op der Tréierer A1 Direktioun Tréier, virum Tunnel Cents, koum et e Mëttwoch géint 6.35 Auer zu dräi Accidenter, an déi 8 Gefierer verwéckelt waren.

Eemol waren 3 Autoen an eng Camionnette an en Accident verwéckelt an zweemol war ee Won engem aneren hannendrop gerannt.

De Materialschued ass héich, ma et gouf kee blesséiert.

Et wieren dann och verschidden "Arrangements à l'amiable" ausgefëllt ginn, notéiert d'Police.

D'Accidenter haten awer e massive Stau als Konsequenz. Eréischt no 8 Auer, wéi alles geraumt war, huet deen ugefaangen, sech opzeléisen.