Vun den Aarbechter wëll ee Flexibilitéit jee no Meteo, vun der ITM hätt ee gäre méi Kontrollen a mat enger méi héijer Primm ass een net averstanen.

AUDIO: Bausecteur Kollektivvertrag / Reportage Claude Zeimetz

Si haten e Freideg de Moien d'Press geruff, fir verschidden Aussoe vun de Gewerkschaften iwwert d'Kollektivvertragsverhandlungen am Bausecteur richteg ze stellen: d'Vertrieder vum Groupement des entrepreneurs.

D'Patronat hätt ni de Verhandlungsdësch verlooss a wéilt weider konstruktiv iwwert en neien Accord verhandelen, sot de President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen, Roland Kuhn. D'Patronen hale weider un hirer Fuerderung no méi flexibelen Aarbechtszäite fest. Et sollt da méi geschafft ginn, wann d'Wieder gutt ass, a manner, wann et schlecht ass, wéi elo den Ament  zum Beispill bei de ganz niddregen Temperaturen. Vun 12 Stonnen-Deeg wier awer ni rieds gewiescht. 1 Stonn den Dag, plus eventuell de Weekend. Alles op fräiwëlleger Basis.

AUDIO: Extrait Roland Kuhn

D'Patronat confirméiert d'Duerstellung vun de Gewerkschaften, datt d'Commandëbicher gutt gefëllt sinn, ma d'Betriber wieren awer um Terrain mat enger ganz haarder, deels deloyaler Konkurrenz, Schwaarzaarbecht a Loundumping konfrontéiert.

De Roland Kuhn huet op en Neits un den Aarbechtsministère an d'ITM appelléiert, fir méi Kontrollen op de Chantieren ze maachen. D'ITM gouf bekanntlech reforméiert, ma se hätt nach ëmmer net déi néideg Moyenen fir d'Verstéiss géint d'Gesetz um Terrain ze kontrolléieren an ze sanktionéieren, hunn d'Patronen sech e Freideg de Moie beklot. Dem Roland Kuhn no, géifen eleng 40-60 Leit gebraucht, déi soss näischt maachen, wéi d'Léin um Bau ze kontrolléieren. D'ITM misst eng nei operationell Unitéit kréien, déi zesumme mat der Douane an dem Enregistrement efficace duerchgräife kéint.

Sauer opgestouss ass dem Groupement des entrepreneurs, datt OGBL an LCGB am Laf vun der leschter Verhandlung eng ganz nei Fuerderung no méi enger héijer Primm aus dem Hutt gezaubert hunn. Dat huet d'Patronat de Syndikater och deementspriechend an engem Bréif matgedeelt. D'Patronat wier bereet de Mataarbechter eppes bäi ze ginn, ma keng 1,5%, wéi d'Gewerkschaften et fuerderen, ma 0,7% d'Joer op den Tarifléin plus eng Prime vun 300 Euro.

Kloer ass, d'Verhandlungen iwwert de Kollektivvertrag am Bau stiechen, wéi viru Joren och schonn, an der Sakgaass. De Wee op d'Conciliatioun steet schonn am Raum.