Aktuell hunn d'Sans-Abrisen et net einfach, fir op der Strooss z'iwwerliewen, dat bei den aktuelle Wiederkonditiounen.
Wann aktuell vu schéinem, mä äiskalem Wieder geschwat gëtt, ass et virun allem dat zweet, wat Mënschen, déi op der Strooss liewen, hiert Liewen nach méi schwiereg mécht, wéi et souwisou schonn ass. Fir dëse Leit ze hëllefen, gëtt et nach bis Enn Mäerz d'Wanter-Aktioun. Dat eleng geet awer net duer an dofir ass et gutt, datt et och Servicer ginn, ewéi de "Premier Appel".
Et war géint 6.30 Auer, ewéi d’Cathia an de Nelson vum Service "Premier Appel" déi éischt Strummerte begéint hunn.
Duerch den Ostwand hu sech déi -2 Grad, ewéi -10 ugefillt. Ma weder de Marc, nach de Philippe wëlle vun der Wanteraktioun profitéieren. Béid Männer verbréngen d’Nuecht léiwer dobaussen.
Wichteg ass et, dass dës Mënsche wéinstens eppes Waarmes z'iessen an ze drénke kréien.
Während dëse kale Wanterdeeg begéinen déi zwee Sozialaarbechter tëscht 10 a 15 Sans-Abrien op hirer deeglecher Tournée. An dësem éischte Joer vum Service "Premier Appel" hu si eng 400 Persounen begleet.
Eng méi lass war e Sonndeg den Owend am Nuetsfoyer um Findel. Wéinst der sibirescher Keelt hate sech vill Leit an dës Struktur verfuusst. 156 Mënschen hunn déi leschte Nuecht am Foyer vun der Caritas geschlof. D'Majoritéit dovunner si Männer.
Mat 170 Leit war den 11. Februar bis ewell deen Dag mat de meeschten Iwwernuechtungen um Findel. Am Dagesfoyer zu Bouneweg waren den 18. Februar 218 Leit.
D'Krankheetsbiller bei de Strummerten sinn A-typesch fir d'Joreszäit.
Bis moies 09.00 Auer kënnen d'Sans-Abrisen am Foyer um Findel bleiwen. Vun 12.00 Auer bis owes 17.00 Auer däerfe si sech dann an der Struktur vum Roude Kräiz ophalen.
RTL NEWS: Sou kal wéi nach ni - Minus 30,5 Grad op der Zugspitze gemooss