Déi zielt antëscht iwwer 10.000 Awunner. "Schëffleng zesumme gestalten" huet dann och e Méindeg den Owend eng Versammlung geheescht.

Den neie Schäfferot vun CSV/Dei Gréng wëll d'Südgemeng nei gestalten. An deem Kontext gouf e Méindeg eng éischte Reunioun fir d’Bierger organiséiert. Si sollen nämlech un dësem ambitiéise Projet deelhuelen an hir Iddie mat afléisse loossen.

E "Masterplang" soll dobäi hëllefen, Schëffleng no vir ze bréngen.

D’CSV-Déi-Gréng-Majoritéit vu Schëffleng weess wou et gëllt den Hiewel unzesetzen a wat fir Verännerungen op kuerz a laang op d’Uertschaft duerkomme wäerten.

1990 hu ronn 6.900 Leit an der Gemeng, gewunnt. Mëttlerweil sinn et der iwwer 10.700.

AUDIO: De Schëfflenger Buergermeeschter Paul Weimerskirch

© Christophe Hochard

© Christophe Hochard