En ass mat engem breede parteiiwwergräifende Konsens an ouni grouss Iwwerraschungsmomenter op en Enn gaang, de Consultatiounsdebat iwwert de Logement.

D'Deputéiert hunn en Donneschdeg um Krautmaart ganz sachlech iwwer méiglech Léisunge vum Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg diskutéiert. D'Logementskommissioun hat heifir iwwert déi lescht Méint jo eng Panoplie vun Acteure gehéiert. Fir den Ofschloss vun der Debatt gouf d'Regierung vun enger ganz breeder Majoritéit vun de Volleksvertrieder an enger Motioun opgefuerdert fir d'Offer u Logementer auszebauen, d'Prozeduren ze vereinfachen an d'Zesummespill tëscht Staat a Gemengen ze verstäerken.

D'Motioun vum DP-Deputéierte Max Hahn gouf vun den 3 Regierungsparteien an der CSV gedroen a krut mat 55 Jo-Stëmmen logescherweis eng ganz breed Zoustëmmung an der Plenière. Just d'adr war dergéint, déi Lénk hu sech enthal.

Konkret fuerdert d'Motioun zum Beispill, datt d'Offer u Logementer um Marché eropgeet, andeems een am städtesche Raum méi dicht baut an d'Baulücke méi konsequent mobiliséiert. Hei gëtt et bekanntlech en theoretesche Potential vu 2700 Hektar, déi kéinte bebaut ginn. De Gros läit bekanntlech awer a privater Hand. Duerfir gëtt d'Regierung ëmmerhinn opgefuerdert, fir Instrumenter en place ze setzen, déi Spekulatioun op den Terrainen ënnerbanne géifen. D'Gemenge sollen duerch eng nei Struktur am Kader vum Pacte logement konkret gehollef kréien, fir méi am soziale Wunnengsbau ze maachen. Haut wiere se dacks iwwerfuerdert, hätte weder d'Moyenen nach d'Expertise.

AUDIO: Logement: Motioun ugeholl / Reportage Claude Zeimetz

Marc Hansen: Logementsproblem: Grousse Puzzle mat dausend klenge Puzzelstécker

Den DP-Ressortminister Marc Hansen war drëm beméit, d'Komplexitéit vun der Wunnengsproblematik hei am Land z'ënnersträichen an domadder wuel och, der Regierung hir Responsabilitéit ze nuancéieren. Wann all Joer 13.000 Awunner, also all Joer eng Gemeng an der Gréisst tëscht Hesper a Beetebuerg bäikënnt, da bleift den Drock op de Wunnengsmaart natierlech grouss. Dem Marc Hansen no ass a bleift et e Fait, datt wunnen zu Lëtzebuerg ëmmer méi deier ginn ass. Dat wier awer keen neie Phänomen, sou de Minister. An och kee Phänomen, vun deem jidderee betraff wier. Ëmmerhi si 75% vun de Leit zu Lëtzebuerg Proprietaire.

An awer, konnt och de Marc Hansen a sengem Exposé um Krautmaart net vun der Hand weisen, datt de Präis de grousse Problem vum Wunnen am Grand-Duché bleift. Bei deem Präis géif et awer och grouss Ënnerscheeder, zum Beispill och beim Loyer. Do huet de Minister dëse Verglach gemaach: Zu Paräis wunnt och net jiddereen op der Viischtdier vum Eiffeltuerm, zu München wunnt net jiddereen um Marienplatz an zu Bréissel net jiddereen op der Grande Place. An och do mussen natierlech d'Loyeren op der Distanz zur Aarbechtsplaz gekuckt ginn, well et ass och dat, wat d'Präisser herno anescht ausgesi léisst. Wa mir e puer Zuele méi an dës nuancéiert Debatt eraginn, muss een och soen, datt, wann een en Donneschdeg de Mëtteg op den Internetsite vun der Société nationale des habitations à bon marché geet, ass eng Wunneng zu Lamadeleine ze kréien. Een Appartement vun 90 Quadratmeter fir 270.000 Euro. Déi ass fräi déi Wunneng. An och do wunnt een Här Halsdrof bestëmmt ganz schéin.        

AUDIO: Extrait Marc Hansen (1)

De Marc Hansen gesäit d'Léisunge fir d'Wunnengskris als e grousse Puzzle mat dausend klenge Puzzelstécker. Et misst een immens vill kleng Weeër trëppelen, u ville klenge Schrauwen also dréinen an dat wier vun der Regierung och gemaach ginn.

AUDIO: Extrait Marc Hansen (2)

Stéchwierder, déi de Logementsminister genannt huet, sinn hei déi adaptéiert Loyerssubventioun vun där antëscht Zweedrëttel vun de Locataire profitéiere kënnen, Steiervirdeeler fir déi Proprietairen, déi un d’AIS verlounen, déi dozou bäigedroen hunn, datt d’Zuel vu de Wunnenge bei der Agence immobilière sociale ëm 42% eropgaang sinn, an natierlech och d’Efforte vun den ëffentleche Bauträger.

Konkret huet de Marc Hansen en Donneschdeg de Mëtteg och d’Bauprojeten op den Industriefrichen zu Wolz an Diddeleng ernimmt. De Logementsminister huet besonnesch déi zwee Revaloriséierungsprojete vu jeeweils 1.000 Wunnunitéiten op de Friche vun Arcelor Mittal ervir gestrach. Zu Diddeleng sinn d'PAP'en amgaang finaliséiert ze ginn. Zu Wolz goufe leschte Freideg déi éischt PAP'en op der Gemeng deposéiert. An zu Ollem ginn d'Soumissioune fir Stroossen- an Infrastrukturaarbechte fir e Projet vun 800 Wunnenge raus. Donieft soll an den nächste Wochen e Projet vun e puer Dausend Wunnengen en ëffentlechen Infrastrukturen nieft den RTL-Gebaier um Kierchbierg presentéiert ginn.

De Logementsminister huet donieft en Donneschdeg de Mëtteg och en Tour an d'Gemengen annoncéiert, fir de soziale Wunnengsbau nach méi ze promouvéieren. Déi éischt nei gewielt Gemengeresponsabel hätt hie scho gesinn.

Prinzipiell huet de Marc Hansen, grad wéi säi Parteikolleg Max Hahn en Donneschdeg de Moie bei eis am Interview, d'Fro opgeworf, op net de Logementsministère mam Ëmweltressort an dem Interieur fusionéiert sollt ginn. Dat sollt en Thema bei den nächste Koalitiounsverhandlunge sinn.

3 Regierungsparteien an d'CSV hu Motioun mat Léisungsusätz erabruecht

AUDIO: Logementsdebatt an der Chamber / Reportage Claude Zeimetz

Ee vun den éischte Riedner war dann och den Hesper CSV-Buergermeeschter Marc Lies, deen direkt op d’Schwieregkeete vun de Gemengen am Beräich vum Logement an der Acquisitioun vun den Terrainen ze schwätze koum.

Marc Lies: D'Gemengen di sech oft schwéier, fir dëse Wee konsequent ze goen, an dat aus verschiddene Grënn. De finanzielle Volet ass sécherlech ee Grond, d'Weiderféierung vun engem Projet no enger Acquisitioun ass een anere Problem, well vill Gemengen déi personell a logistesch Méiglechkeeten einfach net hunn, fir esou e Projet vu vir bis hanne kënnen auszeschaffen.

AUDIO: Extrait Marc Lies

Dat wat d’Gemenge bis ewell ëmgesat hunn, wier net zefriddestellend, esou den Hesper Gemengepapp. Iwwert 6 Joer wiere bal 84 Milliounen Euro iwwert Conventiounen ausbezuelt ginn. Ee Montant, dee net géif duergoen. De Marc Lies huet sech et awer och net huele gelooss, d’Regierung ze kritiséieren. Et wier ee nach wäit ewech vun den 10.000 Wunnengen, déi de Staatsminister versprach hat. Vu groussspuregen Annoncen huet de Marc Lies an deem Kontext geschwat, wou Bescheidenheet, dee méi richtege Wee gewiescht wier.

Ähnlech Téin vum gréngen Henri Kox. Déi Gréng gesinn de Wunnengsbau kloer als kommunal Aufgab. Wann d'Recht op eng würdeg Wunneng an d'Verfassung geschriwwe gëtt, misste Staat a Gemengen eng Allianz agoen, am Kader vum Pacte logement 2.0. De Staat an d'Gemenge missten hei Hand an Hand goen. A mat engem festgeluechte Katalog vu landesplanereschen a wunnengspolitesche Moossnahme misst de Wunnengsbau an de Gemengen acceleréiert ginn, sou den Henri Kox.

Vill vun eisen Hëllefen a Mesurë sinn nëmmen eng Plooschter op engem amputéierte Been, soulaang mer d'Offer vu Wunnengen net konsequent ausbauen, sot den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, deen am Numm vu senger Partei fir méi e konsequent Handele plädéiert huet. D'Sozialiste setzen ënnert anerem op eng Anti-Spekulatiounssteier, Steieren op eidele Wunnengen a jo an Ausnamefäll och op Expropriatiounen, do bleift d'LSAP also trotz dem Refus vum liberale Koalitiounspartner derbäi.

Keng Unanimitéit gëtt et bis ewell och nach ëmmer iwwert d'Héicht vun der Grondsteier, déi ass bekanntlech nach ëmmer ganz niddreg hei am Land. Ass dat hei eng Consultatiouns- oder eng Wahldebatt? Huet den Adr-Deputéierten Roy Reding ironesch gefrot. D'alternativ demokratesch Partei huet sech ënnert anerem a Saachen Eegentumsrecht kloer vun der LSAP demarquéiert. Dat wat eng Immobilie u Wäert zouhëlt, ass wesentlech fir Eegentumsbildung, fir e sozialen Opstig a fir Altersversuergung, mä genee deen Dram géingen d'Leit futti gemaach kréien, wann se no deem aktuelle System kafen, sou de Roy Reding.

Den David Wagner huet am Numm vun déi Lénk fir fundamental a radikale Léisunge plädéiert, fir de Wunnengsproblem an de Grëff ze kréien. Zum Beispill dierft d'Gesetz de Gemenge kee Fräiraum loossen fir Excusen, fir keng Taxen op Wunnengen, déi eidel stinn, ze erhiewen.

Wunnengsbau: Ongebremste Präis-Spiral

Wunnengsbau: Ongebremste Präis-Spiral
D'Zuele vun den neie Wunnengen, déi op de Maart kommen, kommen net méi no. D'Präisser klammen zanter Joeren an d'Politik verzweiwelt.

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, d'Economie an och d'Bevëlkerung. An dat huet ferm Konsequenze fir de Logement. D'Zuele vun den neie Wunnengen, déi op de Maart kommen, kommen net méi no. D'Präisser klammen zanter Joeren an d'Politik verzweiwelt. Léisungsusätz goufen et der vill, mä et bleift déi berühmten Drëps op de waarme Steen. D'Präis-Spiral no uewen ass weider ongebremst.

Beim aktuelle Wuesstem brauche mer zu Lëtzebuerg all Joer 5.000 zousätzlech Wunnengen, 3.000 ginn der gebaut. Et muss ee kee grousse Mathematiker sinn, fir ze mierken, dass d'Rechnung net opgeet.

D'Nofro wiisst, d'Offer geet zréck. Logement een Thema, dat besonnesch och jonk Mënsche beweegt. De Knackpunkt bei Jonke wär haut ob een eppes ierft oder net. Kritt een eppes vun doheem mat op de Wee oder net, dat wär déi grouss Problematik, sou den Eric Weirich vun der Plattform ad-hoc.

2.700 Hektar Land leien am Perimeter a kéinten am Prinzip direkt bebaut ginn. De gréissten Deel vun dësen Terrainen, 92 Prozent, leien a privater Hand. Bei der Caritas Lëtzebuerg ass een der Meenung, datt eng Impositioun op Bauland, wat broochläit, noutwendeg ass, fir méi Bauland op de Marché ze kréien, sou de Marco Hoffmann vun der Caritas Lëtzebuerg

Iddie gouf a gëtt et der vill, gewierkt huet nach net vill, e Bléck op d'Une vun den Zeitunge geet duer, fir ze gesinn, wat d'Mesurë bis elo bruecht hunn. D'Präisser klammen, gefillt gëtt fir d'Bierger de Problem ëmmer méi grouss. Trotz de ville Schrauwen un deene permanent gedréint gëtt.

Ufank 2014 gouf d'Initative ad-hoc gegrënnt, e Pilotprojet vun enger Wunnkopriteit. Zanterhier wier een a gudde Verhandlunge mam Ministère a Fond de Logement, fir een Terrain zur Verfügung gestallt ze kréien.

Innovativ Usätz ginn et der méi wéi een. D'Politik sicht no Léisung, déi richteg aus dem Hutt ze zauberen dierft awer schwéier ginn.

Invité vun der Redaktioun: Den DP-Deputéierte Max Hahn

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien um kuerz no 8 Auer war de Max Hahn, de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun.

RTL-Ëmfro