D'Staatsbeamtegewerkschaft wëll d'80-80-90-Reegelung baussent dem Gehälteraccord verhandelen, d'Regierung awer net.

AUDIO: Regierungsrot / Reportage Ben Frin

"Mäi Büro ass op", sot nom Regierungsrot de Premier Xavier Bettel, nodeem d'Staatsbeamtegewerkschaft d'Urgence e Gespréich mam Premier gefrot huet.

D'CGFP wëll net, dass déi ëmstridden 80-80-90-Reegelung beim Stage am Kader vun engem Gehälteraccord verhandelt gëtt, mä getrennt.

Dee Wee geet d'Regierung awer net mat. De Xavier Bettel gesäit Gehälteraccord a Reegelung als e Ganzt.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Pierre Weimerskirch

Um Briefing nom Regierungsrot huet de Premier nach d'Kreatioun vu mini Crèchë bis 11 Kanner ugekënnegt. Dës Crèchë solle virun allem am ländleche Raum d’Familljeliewen erliichteren, do wou et soss keng Offer fir Kannerbetreiung gëtt.
Op d’mannst 2 Persoune mussen an enger Mini-Crèche schaffen, dovunner 1 Educateur an eng Persoun déi d’Formation Socio-Educative oder de Fonction Parentale huet. Maximal 11 Kanner dierfen an der neier Ariichtung opgeholl ginn, esou soll et och méi klenge Strukturen erméiglecht ginn, Kanner ze betreien. Dat virun allem a Regiounen, wou et soss keng oder nëmme wéineg Méiglechkeeten zur Kannerbetreiung gëtt.

Grad a ländleche Regioune wier d’Nofro no esou Ariichtunge grouss, sou de Xavier Bettel. D’Mini-Crèchë géifen och mat de Chèques-Services an de gratis 20 Stonne funktionéieren.

Een anere Sujet e Freideg de Mëtteg am Regierungsrot war d’Ecole de la deuxième chance, aus där gëtt d’Ecole Nationale des Adultes. Vun der Schoul, déi et zanter 2011 gëtt, hu bis elo am Ganzen 1.200 Schüler profitéiert. D’Schoul adresséiert sech u Leit, déi eng Reorientéierung, eng Promotioun oder berufflech Qualifikatioune brauchen.

Donieft soll den Dossier Aide à la presse dem Xavier Bettel no nach an dëser Legislaturperiod zougemaach ginn, nach dës Woch hätt een drop geschafft.

A puncto Logement sot de Premier, keen hätt engem aneren eng Scholdzouweisung ze maachen. Schüler vun haut sollte muer net Frontaliere ginn, well se sech keng Wunneng am Land leeschte kéinten. De Xavier Bettel begréisst, wat zu Wolz geplangt ass. Am Géigesaz zu aneren hätt hien de Logement jo och net zur Chefsaach gemaach - de Bilan dovu wier jo bekannt.
Am Regierungsrot ass e Freideg de Mëtten den nationale Plang fir rar Krankheeten ugeholl ginn, dee vun 2018 bis 2022 lafe soll. Et soll eng nei Ulafstell geschafe ginn, déi net nëmmen aus Dokteren, mee och aus der Patientevertriedung besteet. Et gëtt geschat, dass et eng 7.000 rar Krankheete gëtt, bis zu 30.000 Leit wieren hei am Land vun esou enger Krankheet betraff, et wieren awer keng genau Zuele bekannt.

De Staatsminister Bettel erkläert: Et weess kee ganz genau wéi vill et der zu Lëtzebuerg gëtt, well et kee Register gëtt, keng zentral Plaz a keng Ulafstell. Fir eis ass et wichteg, dass déi rar Krankheeten, déi néideg Ënnerstëtzung an Ulafstell hunn, fir sech ze informéieren an eben och de Conseil ze kréien, deen ee brauch. Et muss ee wëssen, dass bei de rare Krankheeten ongeféier 50 Prozent vun de Krankheeten an der Kandheet ausbriechen, dann ass d'Liewensqualitéit ageschränkt an dacks verschlechtert d'Situatioun sech mat der Zäit. D'Famille sinn och concernéiert a mussen och eng Ecoute kënne kréien. Fir eis ass et wichteg eng Koordinatioun ze kréien. 

AUDIO: Extrait Xavier Bettel

Duerch de Plang solle besser Diagnosen, Hëllefsleeschtungen, den therapeutesche Volet an eng psychologesch Ënnerstëtzung fir d’Eltere geschafe ginn.