D'ADR an de Wee2050 hunn e Freideg de Mëtten op enger gemeinsamer Pressekonferenz eng Kooperatioun bei den Nationalwahlen annoncéiert.

D'ADR stellt der Initiativ, déi sech virum Referendum gegrënnt huet, bis zu 8 Plazen zur Verfügung.

Déi Kandidaten, bei deenen d'ADR awer nach e klengt Matsproocherecht huet, mussen NET Member an der Partei sinn.

AUDIO: De Wee vu Wee2050 féiert bei d'ADR: Rep. Dany Rasqué

Vun e Freideg un, schafft de Wee2050 och um Parteiprogramm mat. Wichtegst Sujete fir d'Initiativ sinn d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch an den onkontrolléiert séiere Wuesstem.

Sécher op der ADR-Lëscht ass de Grënner a Spricher vun "Nee2015-Wee2050" Fred Keup.

De Fred Keup / © RTL (Archiv)

Am Schreiwes vu Wee2050 heescht et:

E puer Wierder zu eiser Kooperatioun: De Wee2050 huet sech d’Parteiprogrammer vun den eenzele Parteien ugekuckt, a fënnt datt d’ADR am nooste bei de Wee2050-Ziler iwwert d'Sprooch, de Wuesstem an d'Demokratieverständnës ass, a se éierlech, staark a glafwierdeg vertrëtt. Selbstverständlech betrëfft eis Ausso haaptsächlech déi Themen, déi an eisen Ziler behandelt ginn. Mee et ass selbstverständlech och kloer, datt Kandidaten aus de Reie vum Wee2050 och zum ganzen ADR-Parteiprogramm stoe wäerten.

D'ADR wëllt de 14. Oktober op 5 Mandater plus X kommen.