Dat steet an zwee Uerteeler vun der Cour administrative vum Recours vun de Beamte géint de Fait, dass si sollten zwangspensionéiert ginn.

D'Verwaltungsgeriicht erkennt d'Appeller als zum Deel justifizéiert un, ännert d'Décisioune vum Minister fir bannenzeg Sécherheet a sprécht d'Disziplinarstrof, dass déi zwee Polizisten en halleft Joer vun hirer Aarbecht ausgeschloss ginn an och keng Pai kréien. Hir Dossiere sollen och zeréckgoe bei den Etienne Schneider, fir exekutéiert ze ginn.

AUDIO: Poliziste vun Aarbecht ausgeschloss / Reportage Eric Ewald

Am Februar 2013 hat den deemolege Generaldirekter vun der Police en Inspekter an en 1. Inspekter wéinst Enquêtes judiciaires géint si vum Escher Centre d'intervention ofgezunn. Am Juli 2013 hat de Generaldirekter e Regionaldirekter mat Instructions disciplinaires chargéiert, wéinst ënnert anerem Behënnerung vun der Justiz. D'Poliziste goufen awer am Dezember 2014 op der Cour d'appel an der Stad definitiv vun deem Virworf fräigesprach.

Am Februar 2015 hat den Adjoint vum Police-Generaldirekter de Regionaldirekter no weideren Instructions disciplinaires gefrot, wéinst sexisteschen, rassisteschen an homophobe Recherchen an Datebanke vum Centre des Technologies de l'Information de l'Etat. Doropshin hat de Generaldirekter am Januar 2016 de Conseil de discipline vun der Force publique saiséiert. Dësen hat am Mee 2016 ebe proposéiert, dass déi zwee Poliziste sollten zwangspensionéiert ginn. Den zoustännege Minister hat déi Strofen deeselwechte Mount decidéiert, woufir d'Polizisten am Juni 2016 op d'Verwaltungsgeriicht goungen. Den Tribunal administratif hat déi zwee Recoursen am Juli zeréckgewisen. Nach deen nämmlechte Mount, respektiv am August haten d'Polizisten d'Cour administrative saiséiert.

Déi zweet Riichter halen an hiren Uerteeler fest, dass d'Strofe géint déi zwee disproportionéiert waren. Wuel wäre si net räif genuch gewiescht an hiren Obligatiounen op grave Aart a Weis net nokomm, wat eng Disziplinarstrof misst no sech zéien. Et misst een awer hire jonken Alter an hire Manktem un Experienz a Betruecht zéien, genee wéi de Fait, dass si keng disziplinaresch Virgeschicht haten. Et wär och zu Dysfunktionnementer am Centre d’intervention komm, an déi zwee wären net genuch encadréiert ginn. Virun deem Hannergrond hätt de Minister si an engem disproportionéierte Mooss bestrooft. Si sollten een halleft Joer vun hirer Aarbecht ausgeschloss ginn an och keng Pai kréien, an ee vun de Polizisten hätt keng Indemnité de procédure vun am Ganze 4.000 € zegutt.