Hei eis Top 10 vun den héchste Gebaier vun der Administration des bâtiments publics a vum Fonds Belval. Matgedeelt vun MDDI an ADP. Merci!

Bon, am Fong ass et eng Top 11 - an datt et nach méi héich geet, gitt Dir ganz ënne gewuer:

11) "Bâtiment Building" zu Ettelbréck vum Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP) - am Gebrauch
32 m (RDC + 8 Stäck)

10) Bâtiment administratif de l'Etat: Fonds Belval, Adm. Environnement, CNPD, Adm. Gestion de l'Eau - am Gebrauch
62 m (RDC + 15 Stäck)

Iwwregens: 65 m héich sinn den neie Siège vun der BGL BNP Paribas an och déi nei RTL-City um Kierchbierg.

9) Bâtiment Konrad Adenauer vum Parlement européen à Luxembourg, Parlement européen - am Bau
67 m (RDC + 16 Stäck + 2 Technik-Stäck)

8) Tours A et B, Avenue J. F. Kennedy um Kierchbierg, Parlement européen - am Gebrauch
70 m (RDC + 18 Stäck + 1 Technik-Stack)

Iwwregens: D'Gebai Dexia-BIL zu Esch-Belval ass 80 m héich.

7) Bâtiment Jean Monnet 2 de la CE um Kierchbierg, Commission européenne - an der Planung
84 m (RDC + 22 Stäck + 1 Technik-Stack)

6) "Tour Alcide de Gasperi" - "Héichhaus" um Kierchbierg, MDDI + Conseil de l'UE - am Gebrauch
84 m (RDC + 22 Stäck + 1 Technik-Stack)

5) Maison du Savoir, Université du Luxembourg, IUIL, Restena, FNR, Fonds Belval - am Gebrauch
84 m (RDC + 18 Stäck + 1 Technik-Stack)

4) Haut Fourneau A, Fonds Belval
85 m (RDC + 10 technesch Plattformen) - restauréiert

3) Haut Fourneau B, Fonds Belval
93 m (RDC + 11 technesch Plattformen) - restauréiert

2) Palais de la Cour de justice de l'Union européenne um Kierchbierg (1. an 2. Tuerm), Europäesche Geriichtshaff - am Gebrauch
95 m (RDC + 24 Stäck + 2 Technik-Stäck)

1) 5e extension de la Cour de justice de l'UE à Luxembourg (3. Tuerm), Europäesche Geriichtshaff - am Bau
112 m (RDC + 29 Stäck + 2 Technik-Stäck)

Et geet awer nach méi héich:

De Sendemast zu Housen ass déi héchste Konstruktioun am Land mat 300 Meter. Déi 3 Masten zu Beidler (Beidweiler) sinn 290 m héich, deen zu Diddeleng 285 (mat engem "Lift" kënnt ee bis zirka 246m) an déi 3 zu Jonglënster 215, mam Blëtzofleeder 217,5.

D'Sendemasten zu Lënster.