Nieft dem neien Numm fir de Lycée - "École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg" - soll och déi schoulesch Offer ausgebaut ginn.

D'Zäiten hu geännert a wäerte weider änneren, dat weess och d'Hotelsschoul. En neien Numm, eng nei schoulesch Offer an d'Striewen no Excellenz. D'Schoul hëlt en neien Ulaf, fir op d'Defie vu muer preparéiert ze sinn. E Mëttwoch de Moie goufen zu Dikrech d'Detailer presentéiert.

AUDIO: Neien Numm fir d'Hotelsschoul: Rep. Pit Everling

Den offiziellen Numm "Lycée technique hôtelier Alexis Heck" gëtt net bäibehalen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch, vun elo un heescht d'Hotelsschoul: "École d‘hôtellerie et de tourisme du Luxembourg, fir nach eng Kéier méi kloer ze maachen, wat d'bandbreet vun den Offeren ass."

Da gëtt genee déi schoulesch Offer ausgebaut, ënner anerem gëtt et vun der Rentrée un eng éischte Kéier eng Sektioun am enseignement secondaire général, se heescht "gestion de l’hospitalité". Ma och no der Première kann een zu Dikrech bleiwen, esou de Claude Meisch: Ugebuede gëtt e BTS an der Hospitalitéit.

Wärend dem nächste Schouljoer soll e Konzept ausgeschafft ginn, fir eventuell eng engleschsproocheg Sektioun opzebauen. "Mir brauche qualifizéiert Leit an déi Leit, déi aus der Hotelschoul erauskommen, hunn en héijen Niveau", esou heescht et iwwerdeems vun der Horesca.

Zanter engem knappe Joer ass de Michel Lanners neien Direkter vun der Schoul. Hie bezeechent d'Hotelsschoul als Geheimtipp, well d'Schoul am Land net esou bekannt wier wéi de gudde Ruff am Ausland.

Hien hätt do ganz vill positiv Echoe kritt. D'Zil misst et sinn, fir e méi partagéierte Geheimtipp ze ginn, esou den Direkter.

Den Ament sinn eng 270 Schüler zu Dikrech. Vu datt d'Infrastrukture sollen ugepasst ginn, kéinten et där an Zukunft eng 350 bis 400 ginn, mengt nach de Michel Lanners