Net nëmmen d'Flüchtlingen, ma jidderee vun den 10.000 Leit, déi all Joers nei an d’Land kommen, sollen an den nationalen Integratiounsplang abezu ginn.

Dat fuerdert d'Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Well de leschten Aktiounsplang 2014 ofgelaf ass, soll d’Chamber en Donneschdeg iwwert en neie Plang beroden. An deem Kontext wënscht sech d’Asti, datt de Rapport vun der Integratiounspolitik, deen am Gesetz virgesinn ass, séier evaluéiert gëtt an en neie Plang mat klore Schwéierpunkten op d’Bee gestallt.

AUDIO: Bessert Zesummeliewen/Reportage Frank Elsen

Dat notamment an de Beräicher Accueil an Integratioun. Virun allem bei de konkrete Mesure stinn den Ament nach vill Froen op. Zum Beispill, datt den Integratiounskontrakt soll weider ausgebaut ginn oder der Aktualitéit ugepasst ginn. D’Zil vum nationalen Integratiounsplang ass et jo virun allem, d'Zesummeliewen vu Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger Residenten a Frontalieren ze vereinfachen. Dowéinst misst ee sech Instrumenter ginn, fir dat ze maachen, seet d’Laura Zuccoli vun der Asti.

AUDIO: D'Laura Zuccoli vun der Asti

An de leschte Joren huet den Office luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration vill fir d‘Flüchtlingen gemaach. Ma elo missten déi Leit, déi de Statut hunn, besser integréiert ginn, dat notamment a Saachen Educatioun a Logement an hei wier et och um Olai an un de verschiddene Ministèren, fir hei zesummen ze schaffen.

Elo um Enn vun der Legislaturperiod hätt d'Regierung bis ewell nach keng Evaluatioun vum Integratiounsplang gemaach. Eppes wat d’Associatioun bedauert, well d'Asti ass der Meenung, dass ee Plang muss bestoen, dass een all deene Problemer entgéintwierke kann.

D'Asti wënscht sech dann och, datt hir Propositiounen an der Chamber muer zréckbehale ginn an intressant Reflexiounen dobäi erauskommen. Well den nationalen Integratiounsplang e sensibele Sujet ass, bedauert d'Associatioun allerdéngs, datt sech d'Chamber net méi Zäit léisst, fir driwwer ze diskutéieren.

Wéi gutt geet et de Flüchtlingen hei am Land wierklech?

Virun allem dat laangt Waarden op de Statut an d'Ongewëssheet ass eng enorm Laascht fir d'Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg.

Obschonn d'Vergaangenheet vun dëse Leit dacks immens traumatesch ass, spillt hir Situatioun hei an elo zu Lëtzebuerg och eng enorm Roll an hirer psychescher Gesondheet. D'Claudia Kollwelter huet mam Psychiater Dr Paul Hentgen geschwat, deen ënnert senge Patienten och Flüchtlingen huet.

AUDIO: Integratiounsplang/Reportage Claudia Kollwelter

Vun 3 Phasen schwätzt den Dr Paul Hentgen: Pré-Migratoire, Migratoire a Post-Migratoire. Dat, wat dës Leit erlieft hunn, ier se heihi koumen, ass meeschtens immens traumatesch.
Da géing ee jo mengen, datt d'Leit endlech ukomm wieren, se dat schlëmmst hannert sech hätten, wat awer fir déi Concernéiert dacks net de Fall ass.

Dat zum Deel, well se grouss Erwaardungen haten, ewéi si heihi komm sinn oder awer well si Saache versprach kruten, déi net esou ëmgesat konnte ginn.

Zu Lëtzebuerg leiden eng ganz Réi Flüchtlingen drënner, datt hire Statut iwwer Méint oder Joren net gekläert ass, wa se Demandeurs de protection internationales sinn, aus wéi enge Grënn och ëmmer.

Ewéi et vum Dr Paul Hentgen heescht, géing et deene Leit schlecht goen, well dës Situatioun sech immens laang an d'Längt zéie kann.

Nieft den 3 Phase schwätzt eng international, offiziell Agence awer och vun enger 4. Phas, dem Retour. Verschidde Leit wëlle jo och zréckgoen, wann et erëm sécher ass an hirem Land, anerer awer och net, déi dann awer zum Deel géint hire Wëllen zréckgeschéckt ginn.

Den Dr Paul Hentgen gesäit säi Rôle als Psychiater awer méi wäit, wéi just nolauschteren an ënnerstëtzt d'Leit och emol do, wou e kann aus dem Büro eraus.